E Méindeg den Owend gouf an der Cité op Lauterbann zu Nidderkuer eng Persoun gemellt, déi sech do ouni Erlabnis géif op engem Privatgrondstéck ophalen a randaléieren.
Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer, fir dat ze kontrolléieren. Dobäi ass hinnen déi beschriwwe Persoun an engem Auto entgéintkomm. Et ass zu enger Course Poursuite komm, bei där de flüchtege Chauffer op der Kräizung vun der Pénétrante de Lankelz mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch an d’Mauer vun der neier Primärschoul (Campus Wobrécken) gerannt ass.
Den Auto ass direkt a Brand geroden.
D’Beamten hunn nach probéiert, d’Feier ze läschen, bis d’Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn. Wéi d’Rettungsservicer ukomm sinn, konnten déi just nach den Doud vum flüchtege Chauffer feststellen.
Et gouf eng Autopsie ordonéiert.