Tëscht Dikrech an dem FridhaffAutomobilist verléiert Kontroll iwwert säin Auto

RTL Lëtzebuerg
E Méindegmoien hat en Automobilist nawell vill Chance, wéi e mat sengem Won vun der Streck ofkomm ass. Mat vill Gléck krut en e Bam just säitlech ze paken.
Accident op der N7 tëscht Dikrech an dem Fridhaff
En Automobilist hat e Méindeg de Moien d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an hat Chance net frontal an e Bam ze rennen.

Duerno huet en nach 3 Pottoe mat ewech geholl, éier en an engem Feld un d'Hale komm ass.

De Chauffer koum fir eng Kontroll mat der Dikrecher Ambulanz an d'Spidol. Och d'Pompjeeë vun Dikrech waren op der Plaz.

Op der selwechter Streck hat um Méindeg de Moien dann och nach e Camion Steng verluer. Déi ware kuerz no 11 Auer awer geraumt.

Back to Top
CIM LOGO