Am LokalenAutomobiliste kréie Bam a Luuchtepotto ze paken

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt fënnef Blesséierter bei dräi Accidenter vun e Sonndeg den Owend op e Méindeg de Moien.
© CGDIS

Géint 19.20 Auer huet e Sonndeg tëscht Munneref a Biermereng eng Persoun d’Kontroll iwwert hiert d’Gefier verluer. Den Auto ass doropshin iwwert d’Géigespuer op e Feld geroden a mat engem Bam kollidéiert. Zwou Persoune goufe liicht blesséiert a goufen an d’Spidol bruecht. Den Alkoholtest bei Chauffer war positiv, de Permis gouf awer et agezunn. Et koum zu engem Totalschued beim Auto.

Eng Persoun gouf e Méindeg de Moien zu Märel verwonnt, wéi si mat hirem Auto géint e Luuchtepotto gefuer ass.

Um 8.17 Auer sinn zu Féiz an der Rue du Brill zwee Ween kollidéiert. De Bilan sinn zwee Blesséierter.

E Méindeg géint 13.30 Auer huet et zu Uewerkäerjeng an der Rue du X Septembre an enger Garage gebrannt. D’Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng, vu Käerjeng a vu Péiteng waren am Asaz. Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO