Alkohol um SteierAutomobilistin huet en Accident, 12 Punkte vum Permis ware scho fort

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie géint 5 Auer huet et tëscht Cruchten a Colmer geknuppt.
police,polizei
police,polizei
© police,polizei

D'Automobilistin gouf net verwonnt. Den Alkoholtest war awer positiv.

Et huet sech eraus gestallt, datt et schonn e Retrait administratif gouf. Dat heescht, datt allen 12 Punkte vum Führerschäin scho fort waren.

Den 112 mellt dann nach fir e Samschdeg de Moien en Accident tëscht Rodange an dem Roudenhaff. Wat genee geschitt ass gëtt am CGDIS-Bulletin net präziséiert. Et ass awer Rieds vun engem schwéier Blesséierten an engem liicht Verwonnten.

Zu Schuller an der Rue de la Fontaine gouf et e Samschdeg de Moien eng Dampentwécklung an engem Haus. Hei gouf kee Verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO