
Zu Ierpeldeng hat e Sonndeg den Owend géint 22.40 Auer eng Automobilistin d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer a war an e Bam gerannt. D’Fra op der Plaz gouf schwéier blesséiert. Si koum an d’Klinick. Op der Plaz war ënnert anerem de Samu vun Ettelbréck.
Zu Rëmerschen si da géint 20.30 Auer e Sonndeg den Owend zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.
Zwee Blesséierter gouf et bei enger Kollisioun am Rond-point Gluck e Méindeg de Moie kuerz no Hallefnuecht. Eent vun de Gefierer gouf an d’Ofspärunge vun engem Chantier geschleidert. Bei engem vun den Automobiliste ware den Alkoholtest positiv. Hie krut de Fürerschäin ofgeholl.
An zu Schëffleng ass en Auto de Rampli erofgaangen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Wéi d’Police mellt, gouf an der Nuecht op e Méindeg nach weider Permisen agezunn. Dëst war de Fall zu Miersch, Wolz, Esch an Diddeleng (2 Stéck).
Wéi de CGDIS dann nach mellt, gouf et et an der Nuecht op e Méindeg kuerz no Hallefnuecht eng ganz Rei Asätz wéinst méi klenge Bränn. Zu Bieles huet eng Freedefeier-Batterie gebrannt. Zu Téiteng war et eng Poubelle, zu Féiz en Auto, zu Iechternach eng Pabeierspoubelle an zu Déifferdeng e Gaardenhaischen. An alle Fäll blouf et awer beim Materialschued.