Ronn 100 Stéck am JoerAutopsien, fir d'Doudesursaach oder d'Identitéit vum Doudege festzestellen

Anne Wolff
D'Geriichtsmedezin kënnt hei am Land an den Asaz, wann en net-natierlechen Doud festgestallt gëtt.
Ronn 100 Autopsien am Joer zu Lëtzebuerg
D’Geriichtsmedezin kënnt hei am Land an den Asaz, wann en net-natierlechen Doud festgestallt gëtt.

Allerhellegen an Allerséile sinn déi Deeg, un deenen ee sech besonnesch intensiv mam Doud auserneesetzt a vläicht och iwwer Saachen nodenkt, déi ee soss léiwer ewechhält. Eppes, wat bei ville Leit fir Onwuel-sinn suergt, ass d’Fro, wat geschitt, wann et zu enger Autopsie kënnt. D’Anne Wolff huet nogefrot, wéini dat de Fall ass a wat der Geriichtsmedezin hei am Land nach Suerge mécht.

Den Dr. Thorsten Schwark a seng Kolleege kommen dann an d’Spill, wann en net-natierlechen Doud festgestallt gëtt. D’Geriichtsmedeziner am LNS zu Diddeleng ginn da vum Untersuchungsriichter beoptraagt.

Bei der gerichtlichen Obduktion geht es darum, die Todesursache, die Todesart, den Todeszeitpunkt und unter Umständen die Identität einer Person zu klären. Viele dieser Dinge kann man nur durch Obduktion erreichen. Wenn man einen Verstorbenen nur von Aussen betrachtet, kann man in vielen Fällen keine Schlussfolgerung zur möglichen Todesursache ziehen, weil innere Erkrankungen nicht äusserlich erkennbar sein müssen. Gleiches gilt für eine Vergiftung.”, erkläert den Dr. Schwark.

Autopsies-Taux änlech wéi bei den Noperen

Ëm déi honnert Autopsië maachen d’Geriichtsmedeziner am Joer. Lëtzebuerg huet en Obduktiounstaux vun ongeféier 2 Prozent, änlech wéi d’Belsch an Däitschland.

Wéi héich d’Donkelziffer vun onentdeckten, net-natierlechen Doudesfäll ass, léisst sech just schätzen. Eng Estimatioun liwwert eng eeler däitsch Etüd an déi mécht Suergen, wéi den Dr. Schwark erkläert. “Da ist man für Deutschland zu der Zeit davon ausgegangen, dass die Todesart nicht richtig klassifiziert wird, also anstelle eines nicht-natürlichen Todes ein natürlicher Tod bescheinigt wurde. Darunter seien bis zu 1.200 Tötungsdelikte. Es ist natürlich schwierig diese Zahlen auf Luxemburg zu übertragen, aber was diese Studie grundsätzlich gezeigt hat, ist, dass besorgniserregende Zahlen an unentdeckten Tötungsdelikten zu erwarten waren, jedenfalls in Deutschland Ende der neunziger Jahre.

E problemateschen Doudeschäin

Problematesch ass eisen Doudeschäin an dat wéinst enger bestëmmter Case: mort non suspecte et impossibilité d’établir la ou les causes de décès.

© RTL-Grafik

Ma wouhier weess een, dass den Doud onverdächteg ass, wann d’Doudesursaach onkloer ass?

Gëtt dës Case vum Dokter sur place ugekräizt, da komme Police a Geriichtsmedeziner guer net eréischt an d’Spill. D’Läich kann ageäschert ginn an all d’Spuere si fort. Den Thorsten Schwark plädéiert dowéinst fir eng zweet Leichenschau, éier déi Verstuerwen ageäschert ginn. Esou kéint en net-natierlechen Doud awer nach opfalen.

Wichteg wier an deem Kader och d’Routine bei der Leichenschau. Déi hätt een net onbedéngt, wann ee se just ee bis zweemol am Joer maache muss. Allerdéngs wier dat fir vill Hausdokteren de Fall, déi am Beruffsalldag net mat Läiche konfrontéiert sinn. D’Geriichtsmedeziner bidden dofir eng cibléiert Formatioun fir Rettungsdéngschter oder Hausdokteren un, déi dacks als éischt op der Plaz sinn an den Doudeschäin ausfëlle mussen.

Identifikatioun vu Verstuerwenen

Verstuerwener, déi net direkt kënnen identifizéiert ginn, bleiwen an der Geriichtsmedezin, bis vun Zänn-Status, iwwer DNA all méiglech Donnéeën erhuewe goufen. Dozou gehéieren och besonnesch Indicen, wéi beispillsweis Tätowéierungen oder Protheese wéi falsch Knéien. Donieft Fangerofdréck, ma et kann ee souguer mat enger sougenannter Isotopen-Analys kucken, a wéi enger Regioun sech déi verstuerwe Persoun opgehalen huet. Iwwert d’DNA kann ee mëttlerweil och Indicë kréien, wéi eng Haut-, Aen- an Hoerfaarf d’Persoun hat. Och Réckschlëss op déi geographesch Regioun, aus där e Mënsch kënnt, kënnen aus de Geenen erausgelies ginn. Dat ass allerdéngs an der EU jee no Land ënnerschiddlech gereegelt, den Dateschutz mécht der Wëssenschaft hei dacks e Stréch duerch d’Rechnung. Kann d’Identitéit trotz allen Efforten net festgestallt ginn, gëtt de Parquet d’Läich iergendwa fräi. Duerno kann de Kierper da bäigesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO