Botox, Hyaluronseier a Co. Autoritéite roden zu Virsiicht bei invasive Schéinheetsagrëffer

Marlène Clement
Botox, Hyaloron, oder Laserbehandlungen: D'Demande, genee ewéi d’Offer fir Schéinheetsagrëffer sinn iwwer déi lescht Joren eropgaangen.

De Problem: Net jiddereen, deen déi Behandlungen ubitt, huet och déi néideg Diplomer oder Autorisatiounen. D’Autoritéite roden zu enger gewësser Virsiicht. Parquet a Santé hu verstäerkt Kontrollen ugekënnegt.

Schéinheet viru Gesondheet?

Mat wéineg Opwand méi jonk a frësch ausgesinn – dat versprieche Botox a Co. Wie sech fir esou een Agrëff entscheet, soll sech am Virfeld gutt informéieren, wat ee sech sprëtze léisst a vu wiem, warnt den Dr Joe Hellers, Spezialist fir plastesch Chirurgie. Op Social Media géingen et vill Annoncë gi vu Leit, déi esou ästhetesch Behandlungen ubidden, awer weder Dokter sinn, nach eng fix Adress am Grand-Duché hunn.

Schlecht Erfarung ... an elo?

Net-konform Produiten, falsch Traitementer oder ze vill dës Gudden, den Dokter gesäit a senger Praxis reegelméisseg Leit, déi no enger schlechter Erfarung respektiv engem schlechte Resultat hoffen, gehollef ze kréien. Et géingen der leider ëmmer méi ginn. Wichteg wier et an deem Fall genee ze wëssen, wéi ee Produit gesprëtzt ginn ass. Et géingen nämlech och Produite ginn, déi sech net opléise loossen. Wichteg wier och, datt nëmme Produite benotzt ginn, déi an der EU zougelooss sinn. Och de Präis vun enger Ënnersprëtzung wier een Indice, ënnersträicht den Dr Hellers. De Präis fir eng Botox-Injektioun fir eng Zone fänkt bei 250€ un, bei Hyaluron läit ee bei 350€. Gëtt esou een Traitement also vill méi bëlleg ugebueden, da misst ee sech froen, wou dee Produit hierkënnt.

Invasiv Agrëffer sinn tabu fir Estheticiennen

Och a Schéinheetssalone gëtt et mëttlerweil eng Panoplie u Soinen an Traitementer fir de perfekte Glow, mam Ënnerscheed, datt se net invasiv dierfe sinn, also net déif ënnert d’Haut ginn, erkläert d’Alexa Ballmann, Gerante vun zwee Schéinheetssalonen am Grand-Duché. Ënnersprëtzunge mat Botox oder Hyaluron sinn deemno tabu. Erlaabt sinn awer minimalinvasiv Agrëffer, wéi zum Beispill de Microneedling, also ganz reng Nolen, déi d’Haut kontrolléiert verletzen, fir d’Produktioun vu Collagen unzekuerbelen. Minimalinvasiv heescht awer net, datt et kee Risiko gëtt, betount d’Alex Ballmann. D’Haut géing natierlech aggresséiert an och liicht perforéiert ginn, dofir géingen d’Estheticiennen an hiren Institute fir esou Behandlungen ëmmer Mundschutz an Händchen droen.

Verstäerkt Kontrollen am Secteur

Datt an Zukunft verstäerkt am Secteur kontrolléiert gëtt, begréisst d’Gerante. Virun allem, fir datt d’Branche och hire gudde Ruff géing behalen. Et wier wichteg, datt d’Reegele fir jiddereen déi selwecht sinn an datt de Champ d’activité respektéiert gëtt.

Wa Verstéiss festgestallt ginn, ka Material saiséiert ginn an deemno wéi kënnen an der Konsequenz penal Suitte kommen. Et gëtt den Appell un de Public gemaach, fir generell virsiichteg ze si bei invasive Schéinheetsagrëffer. Et bestéingen nämlech deemno wéi seriö gesondheetlech Risken, zum Beispill kéint et zu Infektioune kommen.

Back to Top
CIM LOGO