“Mir sinn an enger Welt, déi ganz op dat Rationaalt a Leeschtung getrimmt ass an do kënnt dat Mystescht an dat méi Déift net ëmmer sou duerch”, dat sot de Weibëschof Léon Wagener e Samschdeg de Mëtteg als Invité an eiser Emissioun “Background am Gespréich”. Datt hien zu engem gleewege Mënsch ginn ass, hätt engersäits mat senger Sozialisatioun an engem klengen Duerf ze dinn, ma et wier anerersäits och een Akt vu Fräiheet, un een ze gleewen, deen een net gesäit. Et bräicht och Vertrauen, fir sech an ee Mier falen ze loossen.
Mat Bléck op d’Bedeitung vun Ouschteren huet de Léon Wagener ënnerstrach, datt et dat wichtegst Fest vun der kathoulescher Kierch ass, ouni dat et de chrëschtleche Glawe guer net géing ginn. Et wier ee Fest vun der Hoffnung, well et de Message vum éiwege Liewe vermëttelt.
D’Hoffnung géing hien och trotz de ville Kricher a Krise queesch uechter d’Welt net verléieren, esou de Weibëschof. Hie géing seng Hoffnung nämlech net just un dat bannen, wat e gesäit. Datt et iwwerhaapt sou vill Leed op der Welt gëtt, géing hie sech mat der Fräiheet vum Mënsch erklären. Et dierft ee Gott net all dat Béisst an d’Schong drécken, mee et bräicht och d’Mataarbecht vun de Mënschen.
Datt d’Kierch op mannst indirekt vu Krise profitéiert, dat wollt de Léon Wagener sou net confirméieren. Net jidderee géing d’selwescht mat Krisen ëmgoen an och net jiddereen, deen zum Glawe fënnt, géing zum chrëschtleche respektiv kathoulesche Glawe fannen.
Ma datt och dat duerchaus de Fall ka sinn, géing een och zu Lëtzebuerg mierken. Sou wieren d’lescht Joer 50 Erwuessener a Jonker gedeeft ginn, och wann dës spéider net all Member an der kathoulescher Kierch ginn. De Grond wier a ville Fäll, datt d’Leit eng schwiereg Situatioun oder awer och ee spirituelle Moment erlieft hunn. Et géing ee gesinn, datt zudeem och méi Chrëschten hire Glawen am Alldag weise wëllen, zum Beispill duerch ee Kräiz op der Stier. A Frankräich géing et d’Theorie ginn, datt dat als Ofgrenzung zu gleewege Moslemen ze verstoe wier, déi hire Glawen, zum Beispill duerch d’Kappduch, weisen.
Wat déi digital Welt ugeet, huet de Léon Wagener gemengt, datt sozial Medien fir jonk Kanner geféierlech kéinte sinn, ma ab engem gewëssen Alter missten déi Plattformen awer fräi benotzbar sinn. D’Kierch géing deelweis och vun der digitaler Welt profitéieren, fir hir Messagen ze verbreeden, zum Beispill duerch Influencer.
Mat Bléck op d’Aussoe vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, datt d’Aschreiwe vum Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung Leit bei rietsextrem Parteien dreiwe kéint, huet de Weibëschof tendenziell ënnerstëtzt. Konservativ Gleeweg kéinten nämlech den Androck kréien, datt eng Partei wéi d’CSV keng politesch Heemecht fir si ass a sech dowéinst anere Parteien zouwennen. Et géing ee sech op alle Fall dora confirméiert gesinn, datt de Schutz vum Liewen duerch déi Decisioun net gestäerkt géing ginn. De Léon Wagener huet dann och gemengt, datt et deene Gruppen, déi verlaangen, datt méi spéit ofgedriwwen dierf ginn, ni duergoe wäert a si ëmmer weider Fuerderunge stelle wäerten.
D’Kierch misst sech zwar ëmmer nees hannerfroen, mee eng Moderniséierung ëm all Präis wier och keng Léisung, zum Beispill mat Bléck op d’Ofdreiwung. Homosexuell Koppele sollten iwwerdeems net ausgeschloss ginn. Den Zölibat fir Paschtéier sollt dem Léon Wagener senger Meenung no iwwerdeems fräigestallt ginn. Et géing sech dobäi nämlech net ëm een Dogma handelen. Datt den Zölibat mat ee Grond fir sexuelle Mëssbrauch an der Kierch kéint sinn, huet de Weibëschof a Fro gestallt, dee selwechte Problem hätt et nämlech och an der evangeelescher Kierch ginn.
Zu Lëtzebuerg wëllt déi kathoulesch Kierch d’Leit méi staark abannen, dowéinst huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich rezent den Tour duerch d’Dekanater gemaach an de Leit nogelauschtert. Wat déi finanziell Situatioun vun der Kierch ugeet, wier déi zimmlech ugespaant. Dowéinst wier et dacks net méiglech, neit Personal anzestellen. Ob d’Memberen an Zukunft ee Bäitrag bezuele mussen, wier iwwerdeems nach net decidéiert.
De Poopst Léo XIV bewäert de Léon Wagener am Grousse Ganze positiv, och wann hie sech gewënscht hätt, datt dësen am Kader vun den Ouschterfeierlechkeeten och Fraen d’Féiss gewäsch hätt. Hie wier awer nach am Ufank vu sengem Pontifikat an dowéinst sollt ee sech hidden, hie schonn an een Tirang ze stiechen. Ganz positiv wieren dem Poopst seng Beméiungen, fir Fridden op der Welt ze areechen.
Den Ugrëff vun Israel an den USA op den Iran huet de Léon Wagener als bedauerlech a “verabscheuenswürdeg” bezeechent, well vill onschëlleg Leit leiden a stierwe géingen. Dobäi kéim, datt de Mullahregime duerch d’Attacke vu baussen no bannen hin éischter gestäerkt gi wier.
Mat Bléck op déi héich Energiepräisser an den Debat iwwert de Mindestloun huet de Weibëschof ënnerstrach, datt hien novollzéie kéint, datt et fir Betriber net evident wier, op där anerer Säit misst et awer méiglech sinn, datt een zu Lëtzebuerg vu senger Aarbecht liewe kann. Eng Tripartite ass dem Léon Wagener no aktuell net néideg, well se ee Kriseninstrument wier an dat och bleiwe sollt.
De Bistum huet aktuell 60 Mataarbechter, déi reng vum Bistum bezuelt ginn. Wat d’Paschtéier ugeet, kéimen der gottseidank ëmmer nees aus dem Ausland op Lëtzebuerg.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.