
Govtech Lab gëtt et zanter Enn 2020 an digitaler Form. Dës Woch goufen déi éischt Raimlechkeeten am neie Siège vum Centre des Technologies de l’Information de l’Etat ageweit.
De GovTech Lab setzt op de Prinzip vun enger “oppener Innovatioun”. Fir dass d’Servicer vum Staat méi benotzerfrëndlech, sécher an effizient kënne gestalt ginn, ginn Iddien an innovativ Technologië vun Entreprisen, Start-Ups, Independanten oder Studente mat abezunn. Den Digitaliséierungsminister Marc Hansen:
“Eise Plang ass, dass mir als Staat net nëmme probéieren, selwer d’Rad nei ze erfannen, wann et och dobausse schonn X gutt Rieder ginn, déi gutt rullen. A fir dann eben ze kucken, hei ass eise Problem, ass een dobaussen do? Mir schreiwen dat dann als innovativ Aart a Weis aus, da gëtt dat gekuckt an an enger Jury bewäert, ob dat eng gutt Léisung ass.”
Elo och e physesche Raum ze hunn, wier e wichtege Schratt gewiescht fir d’Mataarbechter vum CTIE. Hei kéint direkt mat de Verwaltungen zesummegeschafft gi fir Problemer ze léisen. Den Ament schafft de Centre des Technologies de l’Information de l’Etat zesumme mat Verwaltungen och schonns u spezifesche Projeten. Zum Beispill soll de Site Myguichet.lu verbessert ginn, dee jo vum CTIE ausgeschafft ginn ass. Duerch d’Pandemie wieren d’Demarchen explodéiert, vun 380.000 op 4 Mio. De Marc Hansen:
“Mir kucken zum Beispill e virtuelle Meetingroom ze maachen, dat heescht, wou de Bierger e Rendez-vous bei der Administratioun hëllt, an dann net physesch dohinner geet, mee dann a sengem Espace Myguichet eng Videokonferenz kann hu mam Beamten. Also sou een Tëschestéck tëscht dem an ee Guichet goen an eppes online maachen.”
Och wier geplangt, offiziell Dokumenter wéi de Certificat de Residence oder och de Führerschäin als zertifiéiert Dokumenter an d’Wallet kënnen ze iwwerdroen an déi da via Handy deementspriechend virzeweisen.
Nieft de geplangte Missioune sollen d’Beamten awer och un Technologië wéi kënschtlech Intelligenz oder och dem Public Sector Blockchain erugefouert ginn. Den Direkter vum CTIE Patrick Houtsch nennt e Beispill:
“Public-Sector-Blockchain kann ee sech virstelle wéi ee grousst Buch, wou Saachen drageschriwwe ginn a net méi kënnen ausgestrach ginn. Wat eigentlech geschitt, ass, wann de CEDIES e Prêt autoriséiert, da gëtt eng Trace vun der Autorisatioun an d’Blockchain geschriwwen. D’Banken hunn och Zougrëff zu der Blockchain a si kënne gesinn, dass dee Prêt autoriséiert gouf. Wann de Student elo bei d’Bank geet a behaapt, unhand vun engem Beleeg en hätt e Prêt autoriséiert kritt, da kann d’Bank an der Blockchain kontrolléieren op dat och stëmmt.”
Sou Technologië wieren zwar nach net grouss am Asaz beim Staat, mee dëst soll sech awer an Zukunft änneren. Heifir ginn dann och entspriechend Workshops a Formatioune mat externen Experten ugebueden.