
De Virfall ass der Police e Samschdeg de Mëtteg géint 14.15 Auer gemellt ginn. Méi spéit huet d’Lëtzebuerger Police zwee franséisch Staatsbierger hei am Land festgeholl.
Op Nofro hi krute mer bei der Police confirméiert, datt et effektiv an dëser Saach eng Demande vun de belschen Autoritéite gouf, an datt et an der Suite eng Interpellatioun op der Areler A6 gouf, dat op der Héicht vu Bartreng. De gesichte Won konnt gestoppt ginn a béid Persounen am Auto goufe festgeholl. Bei de presuméierten Täter goufen ënnert anerem e geluedene Revolver a Boergeld fonnt.
Déi zwou Persoune sollen e Samschdeg méi fréi am Dag scho fir en Iwwerfall bei Léck responsabel gewiescht sinn, schreift déi belsch Press. Do wier an engem Kleederbuttek geschoss ginn.
Béid Verdächteger goufen dem Untersuchungsriichter virgefouert. Déi belsch Autoritéiten hunn en europäeschen Haftbefeel an d’Weeër geleet.