
De CGDIS hat en Dënschdeg de Moien zwee Blesséierter gemellt. Wéi d’Police en Dënschdeg de Mëtteg schreift, krut e Bagger mat senger Schëpp en Aarbechter ze paken. De Mann ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.
Nieft enger Ambulanz an dem Samu vun Esch waren och de Miess- an Erkennungsdéngscht souwéi d’Inspection du travail et des mines op der Plaz.
Zu Bartreng ass iwwerdeems géint 10 Auer ee Cyclist ugestouss a blesséiert ginn. Och hei waren eng Ambulanz an e Samu op der Plaz.
Bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Stroossen gouf géint kuerz virun 11 Auer eng weider Persoun blesséiert. Zu Béiweng gouf et iwwerdeems schonn ëm kuerz viru 6 Auer ee Blesséierten, nodeems een Auto an de Gruef gerode war.