StatecBaisse vun de Revenue virun allem am Horesca-Secteur ze spieren

RTL Lëtzebuerg
De Revenu vun 82% vun de Residenten huet net geännert, 16% krute manner an 2% krute méi. Dat schreift de Statec e Freideg.
© Statec

Virun allem am Horesca-Secteur huet d'Akommes vun de Leit duerch d'sanitär Kris ofgeholl. Dat geet aus enger Etüd vum Statec iwwert de sozialen an ekonomeschen Impakt vun der Corona-Kris ervir. 56% vun de Revenuen, déi zréckgaange sinn, sinn op den Horesca-Beräich zréckzeféieren, 43% am Commerce, 42% an der Industrie an 39% am Bausecteur.

© Statec

Virun allem déi Jonk tëscht 18 an 24 Joer an déi Leit tëscht 45 a 54 Joer si vun den ekonomesche Konsequenze betraff. Vill Jonker hunn hir Aarbecht verluer, wärend et bei der eelerer Alterskategorie éischter eng Baisse vun de Salairen oder dem Profit als Independant war.

© Statec

Aus der Etüd geet donieft ervir, datt 58% vun de Residentë wärend dem Confinement manner wéi 16% vun hire Suen ausginn hunn. Ronn 26% hunn allerdéngs kee Changement an hiren Depensë bemierkt.

Wuelbefanne vun de Leit

De Statec huet och d'Wuelbefanne vun de Leit wärend dem Confinement analyséiert an do méi spezifesch, wéi d'Leit wunnen. Vun de Befroten hunn 62% uginn, an engem Haus ze wunnen, 38% an engem Appartement. 10% vun de Befroten hunn do, wou se wunnen, keen Accès op e Balcon, Terrass oder Gaart.

© Statec

Massiv Ënnerscheeder ginn et do, wat d'Regioune vum Land betreffen. Wärend zum Beispill am Norde vum Land zum Beispill 80% vun de Befroten an engem Haus wunnen, sinn et der an der Stad Lëtzebuerg just 30%.

© Statec

Och den Isolement vun de Leit huet wärend dem Lockdown eng grouss Roll gespillt. Bei de Befroten hunn 17% uginn, eleng confinéiert gewiescht ze sinn, wouvun 29% ënner 65 Joer haten.

Back to Top
CIM LOGO