
Aktuell produzéiert Lëtzebuerg 979 Gigawattstonnen erneierbare Stroum. Dëst war 2020 eng Hausse vun 22 Prozent par Rapport vun 2010. Zil fir 2030 ass et, fir 2.251 Gigawattstonnen un erneierbarem Stroum ze produzéieren, esou den IRL, de Service Énergie de l’Institut Luxembourgeois de Régulation. Lëtzebuerg huet aktuell d'Kapazitéit, fir 522 Megawatt ze produzéieren (488 MW waren et 2019), dovunner komme 421 MW aus erneierbare Sourcen.
An der Hausse sinn haaptsächlech Photovoltaik-Anlagen, déi 2020 27 MW méi produzéiert hunn, wéi nach 2019 an schonn an den éischte 6 Méint vun 2021 e Plus vun 41 MW opweisen.