BGL BNP Paribas/RaiffeisenBanke begréissen den Tripartite-Akkord

RTL Lëtzebuerg
D'BGL BNP Paribas an d’Raiffeisen soen, se wieren zefridden, datt op d’mannst eng Indextranche verréckelt gëtt a maximal eng bannent 12 Méint erfält.
© F. Aulner

Déi zwou Lëtzebuerger Banken hunn hir Joresbilane presentéiert a mir hunn hir Cheffe gefrot, ob si dann iwwerhaapt vun der héijer Inflatioun betraff sinn.

Den Direkter vun der Raiffeisen, den Yves Biewer, huet geäntwert: “Also an der Pandemie kann een net behaapten, d’Banke wiere Verléierer gewiescht, dat weisen d’Zuelen am Allgemengen. Ob d’Banken net zu de Verléierer gehéieren mat dëser Kris, dat woen ech ze bezweifelen”. Bei de Cliente wiere souwuel Leit ewéi Betriber dobäi, déi Schwieregkeete kéinte kréien, fir hir Enner Enn dës Mounts beieneen ze bréngen.

D’Direktesch vun der BGL BNP Paribas, d’Béatrice Belorgey, huet drop higewisen, datt d’Banken hei am Land an engem internationale Kontext operéieren an et do wichteg wier, kompetitiv ze sinn. De “Lissage” vum Index géing et an hiren Aen warscheinlech erlaben, gewëss Aktivitéiten hei am Land z’erhalen.

Wat d’Joreszuele vun den zwou Banken ugeet, déi wiere gutt.

Bei der BGL BNP Paribas war et mat engem Netto-Resultat vu 394 Milliounen Euro e Plus vu 7% par Rapport zum Joer virdrun.

Bei der Raiffeisen war et mat ronn 20 Milliounen Euro e Plus vu 5,5%.

Souwuel d’Raiffeisen an d’BGL BNP Paribas wëllen d’digital an energetesch Transitioune weiderféieren. Se wëlle weider Proximitéit mat hire respektive Clienten héichhalen an eng ëmmer méi staark Demande no Produiten a Servicer, déi gutt fir d’Ëmwelt wieren, zefriddestellen.

Back to Top
CIM LOGO