
An der Chamber waren um Freideg d'Banken zu Lëtzebuerg d'Top Thema. D'Institutioune missten hir Fraise sensibel reduzéieren oder ganz ofschafen, fir d'Personne vulnérable.
Den ëffentlechen Debat koum op Grond vun enger Petitioun, déi bal 5.700 Ënnerschrëfte kritt hat. De Petitionär war de Nico Hoffmann, President vum Konsumenteschutz, der ULC.
2017 schonns koum et zu eng ähnlecher Petitioun. Deemools hate sech eng 10.000 Persoune fir eng Adaptatioun vun de Bankfraise agesat. Ma mam Gesetz vum 13 Juni 2017 vum Compte de Payement wier een net wäit genuch gaangen. 2 Joer méi spéit géifen déi vill Ënnerschrëften nach ëmmer e grousse Problem zemools bei den eelere Generatioune, ouni online-Banking Erfarung, weisen.
D'Bankfraisen am Guichet wieren an den leschte Joren zum Deel horrend an d'Luucht gaangen. An dat net nëmmen ëm e puer Cents, esou den Nico Hoffmann, President vun der ULC.
„D'Leit, déi musse bis zu 5 Euro bezuelen an de Guicheten, fir hiert d'Geld opzehiewen. Bis zu 5 Euro wa se e Virement wëlle maachen. Bis zu 50 Euro an driwwer fir d'Liquidatioun vun engem Compte. Oder wann ee wëll e Päckelche Virementen oder virgedréckt Viremente vun der Bank wëll kréien, bezilt een mëttlerweil och 10 Euro.“
D'Fuerderungen waren dohier kloer. D'Bankfraise sollen erofgesat ginn, wann net souguer ganz ofgeschaaft gi fir Persounen, déi ouni Guichet sech net em hir Finanze këmmere kéinten. Sief dat duerch e gewëssenen Alter oder aner kierperlech, ewéi geeschteg Limitatiounen. Weider soll den Comparateur vun der CSSF duerch eng Simulatioun verstäerkt ginn.
„Et muss hei awer net nëmmen eng Tabell mat den Tariffer vun der Bank opgestallt ginn, ma a Funktioun vun den Besoine vun all eenzele Clienten, e Simulator installéiert ginn, deem deejéinege géif déi beschten Offer eraussiche.“
Also méi Transparenz, duerch en direkten an individuelle Verglach, ewéi et ee bei eise Belschen Nopere scho gëtt.
Nom Verdikt misst elo awer an enger éischter Phas mol dës prezise Grupp vu vulnerabele Leit vum Konsumenteschutz-Ministère festgesat ginn.
Weider soll et nach dëst Joer zu enger Charta mat der ABBL an der CSSF kommen. A wann dat net hëlleft, wier een och Prêt, e Schrëtt méi wäit ze goen, erkläert Nancy Arendt, Presidentin vun der Petitiounskommissioun.
„Also mir géife probéieren, d'Banken iwwert eng Charta ze motivéieren. Wann mer awer mierken, datt sech do näischt beweegt, dann hunn ech den Här Finanzminister ganz richteg verstanen, datt en och bereet wier, iwwert e Gesetz do d'Schrauwe bëssen unzezéien.“
D'Transitioun zum online-Banking soll an Zukunft also méi human ginn.