
Tëscht 2021 an 2025 sinn am ganzen 22 Leit verurteelt ginn, wéinst Non-assistance à personne en danger.
Dat geet aus der Äntwert vun den zoustännegen Ministeren op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir. Doranner gëtt präziséiert, datt och nach dacks aner Strofdote mat am Spill waren a rappeléiert, datt et eng ganz Partie Sensibiliséierungs-a Preventiounsmesure ginn, fir d'Zivilcourage ze stäerken an de Leit ze weisen, wéi ee sech richteg verhält, wann ee gesäit, datt eng Persoun a Gefor ass.