De Kanner- a Jugendtelefon feiert dëst Joer säi 25. Anniversaire.
Gutt 1.370 mol gouf bei deene verschiddene Servicer no Hëllef gefrot, sief et iwwer Telefon oder online.
Dacks wéinst Konflikter tëscht Jonken, wéi Sträit, Ausgrenzung oder Mobbing awer och wéinst Problemer an der Famill, wéi d'Barbara Gorges-Wagner, d'Chargée de direction, e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.
Ma, och beim Kanner-a Jugendtelefon geet Näischt ouni Fräiwëlleger. 70 Benevoler sinn do am Asaz, déi speziell Formatioune krute fir de Leit ze hëllefen.
D'Nummer vum Kanner-a Jugendtelefon ass den 116111.
D'Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 war d'Chargée de direction vum Kanner- a Jugendtelefon.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.