Et kann ee landwirtschaftlech Felder net géint Vandalismus versécheren.
Wann déi Schëlleg net fonnt ginn, bleiwen d’Baueren op de Käschte sëtzen.
An de Felder war schonn ugeséint ginn. An och op anere Plazen am Land wéi zu Schuller oder zu Ettelbréck goufen änlech Fäll gemellt.
Um Deich-Parking huet d’Police dann och direkt 7 Chaufferen protokolléiert déi hei gedrift sinn.
Sou eng Aktioun ass nämlech e Verstouss géint de Code de la Route an hei koum dann och nach d’Net-Respektéiere vun den aktuellen COVID-Restriktiounen derbäi.
RTL NEWS: Jonk Automobiliste krute Protokoll, ë.a. well se mam Auto am Schnéi gedrift sinn