
Genee geholl goufen et keng Walen, well an den 3 Domäner Baueren, Wënzer a Gäertner all Kéier nëmmen eng Lëscht deponéiert gouf, sou datt déi 19 eenzel Kandidaten als gewielt gëllen.
Ze notéieren ass, datt de Vize-President bis ewell, den Aly Leonardy, seng Kandidatur bei de Wënzer net méi gestallt hat; op dëser Lëscht sinn de Paul Funck, de Josy Gloden an de Guy Krier gewielt.
Bei de Gäertner gëtt et och en notabelen Changement, well sech den Niki Kirsch aus Altersgrënn net méi de Walen fir d'Chambre de l'Agriculture gestallt huet - ersat gëtt hien duerch den Ernest Brandenburger.
Bei de Bauere gouf et eng kleng Première, well sech déi 3 Gewerkschaften am Virfeld op eng eenzeg Lëscht gëeenegt hunn; et wollt ee geschlossen optrieden an och Jonken eng Chance ginn.
Op dëser Lëscht ass och den aktuelle President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder automatesch gewielt, deen am Januar de Posten vum Marco Gaasch iwwerholl hat, dee verscheet war.
Ugangs Abrëll kënnt déi nei designéiert Chambre d'Agriculture fir hir Constituante beieneen, dann dierft och de Guy Feyder als President confirméiert ginn.