
Da gëtt et an deem Schreiwes eng Pick géint de Landwirtschaftsministère vum LSAP-Minister Claude Haagen. D’Bauere fuerderen nämlech en eegestännege Ministère fir Landwirtschaft a Liewensmëttel-Souveränitéit, deen onofhängeg vum Ëmweltministère kéint funktionéieren a sech mat deem op Aenhéicht kéint echangéieren.
D’Bauerenzentral an d’Bauerejugend sinn der Meenung, dass si misste finanziell belount ginn, wa si am Sënn vun der Ëmwelt handelen.
Déi konventionell an d’Bio-Landwirtschaft dierften net weider ausernee gedriwwe ginn. Generell fuerdere si méi Sécherheete fir de ganze Beruffsstand.