VerwaltungsgeriichtBaugeneemegung fir Car-Port muss annuléiert ginn

RTL Lëtzebuerg
De geplangte Bau hätt aus Piliere bestanen, déi en Daach droen, ouni e Car-port duerzestellen, sou de Constat vum Verwaltungsgeriicht.

Am Dezember hate mer Iech vun engem Uerteel vum Verwaltungsgeriicht geschwat: Dora goung et ëm eng Baugeneemegung fir e sougenannte „Car-port“, déi de viregte Buergermeeschter vu Groussbus engem Privatmann ginn hat an déi en Noper wollt annuléiert kréien.

Virun 3 Méint hat d'Cour administrative ë.a. d'Argument vun der Gemeng zréckgewisen, dass d'Baugeneemegung verfall wär; an engems war eng Visite des lieux decidéiert ginn. Doropshin hunn déi zweet Riichter d'Baugeneemegung dunn effektiv annuléiert.

An hirem Uerteel gesäit d'Cour administrative den Appell vum Noper nämlech als fondéiert un. D'Annulatioun vun der Baugeneemegung bréngt mat sech, dass den Dossier un den aktuelle Gemengepapp zréckzegoen huet an d'Geriichtsfraise vun der Gemeng ze droe sinn. Am Februar 2017 hat den deemolege Buergermeeschter vu Groussbus engem Privatmann d'Geneemegung fir de Bau vun engem sougenannte Car-port ginn, op engem Terrain, deen dem Mann gehéiert. Am Juli vun deem Joer war en Noper op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir déi Buergermeeschteschdecisioun annuléiert ze kréien. Den Tribunal administratif hat dee Recours am Juli zejoert net fondéiert erkläert. Den Noper hat dunn am August d'Cour administrative mat der Affär befaasst. Déi hat deen Appell am Dezember recevabel erkläert an decidéiert, op den Terrain kucken ze goen; zu där Visite des lieux koum et am Januar.

Déi zweet Riichter hunn dobäi festgehalen, dass den Terrain vum Mann, deen un dee vum Noper grenzt, de Moment net bebaut ass an dass de Mann en Ënnerdaach fir 8 Gefierer wollt hunn. De geplangte Bau hätt aus Piliere bestanen, déi en Daach droen, ouni e Car-port duerzestellen, a wär als Accessoire zu enger Garage e puer honnert Meter ewech unzegesinn; den Terrain wär deemno dovun isoléiert. D'Méiglechkeet, fir sou e Bau op engem aneren Terrain virzegesinn, muss vun der kompetenter Autoritéit motivéiert sinn, sou d'Cour administrative. Eng entspriechend Motivatioun wär awer net an der Baugeneemegung dra gewiescht. Well den aktuelle Buergermeeschter keng weider Explikatiounen dozou konnt ginn, hunn déi zweet Riichter also decidéiert, dass d'Baugeneemegung muss annuléiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO