ChamberwalenBaum, Thoma, Diderich a Wies: 4 Spëtzekandidate fir Déi Lénk am Süden
Um Dënschdeg hunn Déi Lénk hir Lëscht Süden fir d’Chamberwalen den 8. Oktober bekannt gemaach.
Am Süde sinn et 4 Spëtzekandidate mam fréieren Deputéierte Marc Baum (Esch), de Porte-parole vun Déi Lénk Carole Thoma (Diddeleng) a Gary Diderich (Déifferdeng) an déi fréier Gemengeconseillère zu Esch Line Wies.
11 Männer an 12 Frae gi fir Déi Lénk mat an d’Chamberwalen am Süden.
2018 koumen Déi Lénk op 5,72 Prozent an domat 1 Sëtz um Krautmaart
Déi aner Kandidate sinn:
- Patrizia Arendt, Suessem, 62
- Samuel Baum, Esch, 29
- Laurent Biltgen,Esch, 51
- Nina Biren, Esch, 31
- Myriam Cecchetti, Suessem, 57
- Aldin Civovic, Schëffleng, 33
- Sónia Neves Da Silva, Péiteng, 46
- Thessy Erpelding, Diddeleng, 57
- Sofia Duarte Fernandes, Habscht, 39
- Filipe André Pereira Marques, Beetebuerg, 28
- Mara Martins, Diddeleng, 24
- Tania Mousel, Bieles, 33
- Ben Muller, Rodange, 25
- Linda Ortolani, Esch, 44
- José Piscitelli, Bieles, 65
- Fiorella Spada, Déifferdeng, 60
- Andrea Spigarelli, Schëffleng, 43
- Alija Suljic, Koplescht, 27
- Eric Weirich, Déifferdeng, 39
Hei d’Lëscht am Detail.