Äntwert op Parlamentaresch FroBausch: Neien LTPS gëtt gebaut, ma et dauert nach

RTL Lëtzebuerg
Fir d'éischt muss nämlech dat fréiert Gebai vun der Logo beim CHL ofgerappt ginn.
© AFP

De Projet, deen nieft der neier Schoul fir Infirmièren an Infirmieren, kuerz LTPS, ëmfaasst, gesäit och nach eng nei Sportshal fir de Logo vir a Wunnenge fir Jonker a Studenten. Dat Ganzt gouf zejoert zäitgeméiss fixéiert, mä schleeft entretemps. Dat fréiert Gebai vun der Logo muss nämlech nach fir d'éischt ofgerappt ginn. An 2 vun dëse Gebailechkeete si fir den Ament awer nach Flüchtlinge logéiert.

Enn vun dësem Mount gëtt et awer konkret, da geet de Gros-Oeuvre u fir déi nei Sportshal vun der Logo an och de Wunnenge fir Jonker a Studenten. Dee Chantier soll fir d'Rentrée 2021 fäerdeg sinn.

Eréischt wann d'Flüchtlinge relogéiert gi sinn, ka mam Chantier fir deen neie "Lycée Technique pour des Professions de Santé" ugefaange ginn. Well den Ufank vun dësen Aarbechten awer bis dato nach retardéiert gouf, ka kee fixen Datum genannt ginn, wéini dass deen neien LTPS operationell ass. Dëst dierft fir d'Rentrée 2023 de Fall sinn.

All dës Informatioune liwwert de Minister fir d'ëffentlech Bauten François Bausch op eng entspriechend Fro vum LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo.

PDF: Parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo an Äntwert vum François Bausch

Back to Top
CIM LOGO