Invité vun der Redaktioun (27. Juni)Bausch: "Wëlle Wuesstem aus de leschten 25 Joer stoppen"

RTL Lëtzebuerg
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de François Bausch, Minister fir d'Landesplanung.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: François Bausch.
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war de François Bausch, Minister fir d'Landesplanung.

Mir missen de wëlle Wuesstem aus de leschten 25 Joer stoppen, mat deem d'Leit d'Flemm hunn, esou den Nohaltegkeetsminister François Bausch um Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview iwwert d'Landesplanungsgesetz.

Dëst soll trotz enger Dose formellen Oppositioune vum Staatsrot nach bis zum Enn vun der Legislaturperiod ugeholl ginn.

Een Haaptuleies vum Staatsrot ass jo, datt Villes net méi iwwer Reglement Grand-Ducal, mä iwwer Gesetz muss gereegelt ginn, wat de François Bausch bedauert, well een esou u Flexibilitéit verléiert. Et wier e Mentalitéitswiessel, Lëtzebuerg hätt elo d'Tendenz, iwwerzeprotegéieren, sou d'Kritik vum Minister.

Och d'Visioun, wéi sech d'Land an de nächste Joerzéngte soll entwéckelen, de „Programme Directeur“ gëtt iwwerschafft. Do wëll ee sech awer méi Zäit loossen an d'Iddie vun de Bierger mat afléisse loossen, sou nach den Nohaltegkeetsminister.

Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de François Bausch, Minister fir d'Landesplanung.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO