GréiwemaacherBee vun Aarbechter gouf tëscht Gefier a Mauer ageklemmt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 9.30 Auer koum et zu Gréiwemaacher an der Route du Vin zu engem Aarbechtsaccident.

Iwwerdeems ee Gefier ausgeraumt gouf, huet ee vun den Aarbechter sech säi Been tëscht dem Won an enger Mauer ageklemmt. De Mann gouf schwéier um Bee blesséiert an huet nach op der Plaz misse behandelt ginn. Uschléissend gouf de Blesséierte mam Rettungshelikopter an d'Klinik bruecht.

Back to Top
CIM LOGO