JughurtsfabréckBeetebuerg ferm retizent, Diddeleng kritesch

Jeannot Ries
Beetebuerg an Diddeleng hunn e Méindeg hir Avisen zum Projet Jughurtsfabréck vu Fage un d’Ëmweltverwaltung geschéckt.
Jughurtsfabréck Fage
Grad wat d'Drénkwaasser an d'Ofwaasser ugeet hunn déi zwou Gemengen, a si net eleng, hir Suergen a Problemer.

Beetebuerg ass ferm retizent géigeniwwer Fage. Diddeleng ass kritesch, mä ass "à priori favorable", well Aarbechtsplaze geschaaft ginn. Ëmgedréint: Diddeleng ass d’Accord mam Projet, mä net zu egal wéi engem Präis. Suerge maache sech béid Gemengen haaptsächlech wéinst dem Impakt op d’Ëmwelt.

Suivi Fage / Reportage François Aulner

De Projet vun enger Jughurtsfabréck tëscht Beetebuerg an Diddeleng krut e Méindeg – wéi erwaart – een negativen Avis vun der Beetebuerger Gemeng. Fir unzefänken, wonnert ee sech, datt d’ëffentlech Consultatioun grad am Summer organiséiert gouf, mä déi richteg Problemer gesäit ee beim Impakt op d’Ëmwelt.

D’Fabréck misst seng Ressourcë vu bausse geliwwert kréien a wier mat 80.000 Tonne pro Joer griichesche Jughurt komplett „démesuréiert“, steet am Avis. Se hätt ee Waasserverbrauch deen zweemol der gesamter Populatioun vu Beetebuerg géing entspriechen. Wat geschitt am Fall vun enger Dréchent, freet ee sech am Avis. A Punkto Ofwaasser gi sech och Suerge gemaach: Mat 3.100 Meterkibb Ofwaasser den Dag géing ee riskéieren, d’Uelzecht ze "erstécken", sou de Gemengesyndikat, deen zoustänneg ass fir d’Gestioun vun der Uelzecht en Dënschdeg de Moien.
De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet (CSV) seet am RTL-Interview hie wier awer optimistesch, datt d’Regierung no all den negativen Avisen vun de Bierger seng Positioun ännert. De Projet wier a klorem Widdersproch mat den Objektiver, fir eng méi nohalteg a lokal Landwirtschaft ze schafen.

Den LSAP-Buergermeeschter vun Diddeleng, den Dan Biancalana, dee mengt, datt et nach eng Rei Etappe ginn iert d’Baugeneemegungen erausginn. Hien hofft, datt Fage nach Optimiséierungen a Punkto Waasserverbrauch ënnerhëlt, mä och a Punkto Transport a Verkéier.

"Fage ass net anescht behandelt ginn, ewéi all aneren Industriebetrib", sot iwwerdeems den LSAP-Wirtschaftsminister. De Franz Fayot sot en Dënschdeg de Moie bei de Kolleege vum 100komma7, datt de Staat zwar d’Käschte fir en Ofwaasserkanal fir d'Fage finanzéiert, mä dat wier "üblech" bei Industriezonen. Fir d'Ëmweltimpaktstudie wier de Jughurtproduzent allerdéngs selwer opkomm, sou de Franz Fayot.

PDF: Prise de position globale vun der Gemeng Beetebuerg

Back to Top
CIM LOGO