CGDISBei 2 Accidenter um Dënschdeg ware Motocyclisten involvéiert

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 17 Auer sinn zu Schëffleng an der Kanalstrooss en Auto an e Moto anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Schëffleng an d'Ambulanz vun Diddeleng.

Géint 18.40 Auer ass op der Streck Hierber - Uesweller eng Motocyclistin mat hirer Maschinn gefall a gouf liicht blesséiert. D'Pompjeeë vun Iechternach an Uesweller waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Iechternach.

E Mëttwoch de Moien um 10.30 Auer ass zu Miedernach am Renkbierg a Cyclist gefall. D'Ambulanz aus der Fiels huet sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO