Eech a SchëfflengBei 2 Bränn blouf et beim Materialschued

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg hat et an der Rue de la Forge zu Eech gebrannt, grad ewéi och an der Näerzenger Strooss zu Schëffleng.
© Domingos Oliveira / RTL

Zu Eech waren d’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper, grad ewéi d’Stater Ambulanz am Asaz. Et blouf beim Materialschued.

Géint 3.45 Auer gouf et dann och an der Näerzenger Strooss zu Schëffleng en Hausbrand. Och hei gouf kee Mënsch blesséiert. Op der Plaz waren eng 40 Pompjeeë vu Schëffleng, Esch, Keel-Téiteng an Diddeleng, grad ewéi d’Escher Ambulanz.

Back to Top
CIM LOGO