StatecBei 21 Prozent vun den déidlechen Accidenter war Alkohol am Spill

Diana Hoffmann
Weider ware 31 Prozent vun de Chaufferen, déi positiv op Alkohol getest goufen, net eleng am Auto.
© AFP

Dass fueren ënner Alkoholafloss geféierlech ass, ass gewosst. Elo kuerz virun de Feierdeeg huet de Statec dës Behaaptung nach eng Kéier mat Zuelen ënnerluecht. An de leschte fënnef Joer hat bei zéng Prozent vun allen Autosaccidenter de Chauffeur ze déif an d’Glas gekuckt. Männer ware do méi heefeg concernéiert wéi Fraen.

Bei 21 Prozent vun allen déidlechen Accidenter tëscht 2017 an 2021 war Alkohol am Spill. Am heefegste koum et bei Accidenter ënner Alkoholafloss zu Kollisioune mat anere Gefierer. Aner Grënn fir d’Accidenter waren, dass de Chauffeur vun der Strooss ofkomm respektiv an e Bam, soss en Obstakel oder e geparkten Auto gerannt ass.

Net iwwerraschend koum et am dacksten Nuets zu Accidenter ënner Alkoholafloss. Awer och am Summer oder um Enn vum Joer. Haaptgrond vun engem Accident beim Fueren ënner Alkoholafloss ass dem Statec no mat 41 Prozent iwwerhéichte Vitess. Dat ass zwar och esou bei Leit, déi net gedronk hunn, mä awer just mat engem Taux vun 21 Prozent. Aner Grënn sinn d’Iwwerfuere vun der Stroossemarkéierung oder ze not opfueren op d’Gefier virdrun.

Leit tëscht 25 a 44 Joer waren dann am dacksten an Accidenter verwéckelt, wëll se ënner staarkem Alkoholafloss stoungen. Direkt hannendrun kommen awer déi Jonk tëscht 18 a 24 Joer.

Back to Top
CIM LOGO