Quartier Gare a BounewegBei 70 Kontrolle sechsmol Droge fonnt, eng Festnam

Tom Nols
Verstéiss géint d'Drogen-, d'Immigratiouns- an d'Aarbechtsgesetzer waren am Zentrum vun de grouss ugeluechte Kontrollen.
Ronn 70 Beamte waren un de Kontrolle bedeelegt.
Ronn 70 Beamte waren un de Kontrolle bedeelegt.
© Police Lëtzebuerg

An der Nuecht vum 10. op den 11. November huet d'Police, zesumme mat der Inspection du Travail et des Mines, am Stater Quartier Gare an zu Bouneweg grouss ugeluechte Kontrollen duerchgefouert. Am Viséier ware Verstéiss géint d'Drogen- an d'Immigratiounsgesetzer. Och d'Anhale vum Aarbechtsrecht an der Gastronomie war en Thema.

Ronn 70 Persoune si kontrolléiert ginn. Dobäi si bei sechs Persounen Droge fonnt ginn, déi saiséiert goufen. Eng Persoun ass wéinst dem Verdacht op Drogenhandel op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Ausserdeem sinn an engem Lokal Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht constatéiert ginn.

An alle Fäll si Protokoller geschriwwe ginn a Geldstrofe ware jeeweils d'Resultat. Am Ganze ware 60 Beamten un de Kontrolle bedeelegt, dorënner Membere vun der Kriminalpolice, vun der ITM, vun der Direction générale de l'immigration (MAI) a vun der Hondsstaffel.

Back to Top
CIM LOGO