ZeienopruffBei Ausernanersetzung tëscht zwee Automobiliste gouf e Messer gezéckt

RTL Lëtzebuerg
De 5. Februar koum et um kuerz virun 10 Auer op der N15 tëscht Heischent a Nidderfeelen zu engem Sträit tëscht zwee Chauffeuren.

Ee vun den zwee Automobiliste gouf mat engem Messer blesséiert, den Täter huet sech kuerz dono aus dem Stëbs gemaach. Den Auto, an deem den Täter fortgefuer ass, war e schwaarze VW mat franséische Placken.

Eventuell Zeien si gebieden sech bei der Police vun Dikrech/Veianen ze mellen, dat um (+352) 244-80-1000.

Back to Top
CIM LOGO