
Nodeems et e Mëttwoch den Owend am Prisong zu Schraasseg jo zu Onroue koum, war dat ganzt e Freideg de Moie Sujet an der parlamentarescher Justizkommissioun, wou déi zoustänneg Ministesch Sam Tanson den Deputéierten Detailer iwwert déi Emeute geliwwert huet.
Deemno wieren eng 25 Detenuen dru bedeelegt gewiescht, déi sech eréischt berouege gelooss hunn, nodeems d’Spezial-Unitéit vun der Police op d’Plaz koum.
D’Onrouen hätten ugefaangen, nodeems eng fräi Zäit am Haff vum Prisong fäerdeg war.
De Schued, deen entstanen ass, wier ganz grouss. Ënnert anerem wier Feier geluecht ginn, an d'Prisongskiche wier ganz uerg a Matleedenschaft gezu ginn.
Déi Responsabel vun deenen Onroue goufen an de sougenannte « régime cellulaire » gesat, hunn also just nach eng Stonn Ausgang pro Dag. Am Prinzip leeft déi Mesure iwwert ee Mount, kann awer duerch de Prisongsdirekter zu all Ament nees entschäerft ginn.
An der Justizkommissioun war et dann och d’Prezisioun, dass et den Ament nach kee Fall vom Coronavirus am Prisong gëtt.
En urgente Kriseplang wier och en place, dass dat net geschitt.
Ënnert anerem goufen d’Giischtercher an och anert Prisongspersonal fréizäiteg equipéiert, beispillsweis mat Masken. Zanter en Donneschdeg ginn am Prisong och eege Maske produzéiert.
De ronn 600 Detenuen am Schraasseger Prisong, déi den Ament also méi isoléiert si wéi gewéinlech, gëtt den Ament iwwerdeems d’Méiglechkeet ugebueden, méi dacks mat der Famill ze telefonéieren, respektiv iwwert visuell Funktioune wéi Skype Kontakt ze hunn.
Eisen Informatiounen no, gëtt et duerch de Coronavirus och d’Iddi, fir Prisonéier, déi hir Strof scho bal ofgesat hunn, méiglecherweis fréizäiteg nees op fräie Fouss ze setzen. Hei muss natierlech d’Fro nom intérêt général gekläert ginn, an och op et am Interessi vum Detenu ass. Et versteet sech vum Selwen, dass sech grouss Zeeche vun enger Resozialiséierung misste weisen. D’Uweisungen missten hei awer natierlech vun der Regierung kommen. Da wier et och un de Geriichter, fir zesumme mat der Prisongsverwaltung eng individuell Prouf ze maachen, an dann eréischt ze decidéieren, wéi ee ka virgoen. Bis ewell wier hei awer nach keng Mesure konkret.
Prisong zu Schraasseg / Ex-Prisonéier: "D'Stëmmung ass ganz schlecht"
"Onrou" am Prisong: Reaktioun vum Justizministère, héije Materialschued zu Schraasseg
Onrou am Prisong, Spezialunitéite geruff: Eng 25 Prisonéier hunn e Mëttwoch géint 21.30 Auer am Prisong randaléiert