Ma dat ass awer vu Kand zu Kand ënnerschiddlech an et dierft een et op kee Fall pauschaliséieren an all d‘Kanner an een Dëppe geheien. Vill méi ass eng individuell Betreiung de richtege Wee. Am Zenter fir héichbegaabte Kanner a Jonker fanne si eng Ulafstell. Gëtt beim Kand eng Héichbegabung festgestallt, sou fannen d’Elteren hei Hëllef, wéi si hiert Kand am beschte kënnen zesummen encadréieren.
Dofir schaffen am Zenter Psychologen, Pedagogen, speziell forméiert Enseignanten an een Psychomotoriker ganz enk zesummen. Si entwéckelen e Plang, wéi een individuell mat der Héichbegabung vum Kand am beschten ëmgeet. Entweder d’Kanner ginn an der Schoul betreit oder si kommen all eng bis zwou Wochen an Atelieren an den Zenter. Et wier awer ganz wichteg ze wëssen, dass et kee Wäert hätt, eng Héichbegabung festzestellen, wann d’Kand keng Problemer hätt. Et géif net spezifesch duerno gesicht ginn, mee wann e Kand opfält, gi spezifesch Tester gemaach.
An am Zenter wéilt een och drop opmierksam maachen, dass et keng Stereotyppen ginn, wat héichbegaabte Mënschen ugeet, sou d’Direktesch Danielle Rod.
“D’Leit mengen, en Héichbegaabten ass sou an sou. E spillt gäre Schach, ass gutt an der Mathé an deen ass sozial vläicht e bësse speziell. Dat ass net de Fall. Et gëtt keng Stereotyppe bei den Héichbegaabten. All Kand ass anescht. Héichbegabung ass net ëmmer Héichperformance. Dat heescht, och Kanner mat enger mat enger Héichbegabung maachen a verschidde Fächer Feeler. D’Performance ass (fir eis) net am Vierdergrond, mee d’Wuelbefanne vum Kand.”