Tschechesch Republik a LëtzebuergBéid Länner op enger Linn, wat Zukunft vum Kontinent Europa ugeet

Tim Morizet
D'Tschechesch Republik a Lëtzebuerg sinn op enger Linn, wann et ëm fundamental Froen iwwert d'Zukunft vun eisem Kontinent geet.
Tschechesch Republik a Lëtzebuerg bei Zukunftsfroen iwwer Europa op enger Linn
De Luc Frieden ass fest dovunner iwwerzeegt, datt et wichteg ass, datt een an der Europäescher Unioun Alliéiert huet an déi Tschechesch Republik wier esou e Lan

Dat hunn de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an den tschechesche President Petr Pavl e Freideg um zweeten Dag vun der Staatsvisitt op enger gemeinsamer Pressekonferenz ënnerstrach.

Luc Frieden a Petr Pavl iwwer d'Staatsvisitt
Béid Länner hätte gutt Relatiounen, esou de Lëtzebuerger Premier an den tschechesche President.

De Luc Frieden ass fest dovunner iwwerzeegt, datt et wichteg ass, datt een an der Europäescher Unioun Alliéiert huet an déi Tschechesch Republik wier esou e Land.

Et kéint een zum Beispill um wirtschaftlechen Niveau nach méi enk zesummeschaffen, well och d’Tschechesch Republik un e staarken europäesche Bannemaart géif gleewen, fir d’Kompetitivitéit vun Europa ze stäerken. Donieft géif een d’Iddi deelen, datt d’Rechtsstaatlechkeet an Europa muss assuréiert ginn an da goung och iwwert eng méi enk Zesummenaarbecht an der Verdeedegung Rieds.

Luc Frieden zu Kooperatioun mat Tschechescher Republik

“Am Kontext vum Ukrain-Krich, wou mer och wëllen zesumme méi Initiativen huelen. Sief dat bei der Acquisitioun vu Munitioun fir d’Ukrain oder sief dat am Beräich vun de Satellitten, wou Lëtzebuerg jo eng staark Roll spillt. Mir sinn elo mat hinnen amgaang ze kucken, wéi een déi Saache ka verdéiwen. Am Fazit ass et esou, datt mer eng ganz enk Relatioun hu mat der Tschechescher Republik. Net nëmme wéinst dem Jang dem Blannen, mä och haut an der Europäescher Unioun, wou si zënter 20 Joer sinn an an der NATO, wou si zënter 25 Joer sinn”, sou de Premier Luc Frieden.

Fir de Luc Frieden ass kloer, datt et op der Staatsvisitt vum Petr Pavel ëm däitlech méi goung, wéi just ëm de Protokoll. Hannert dëser Visitt géif eng richteg Frëndschaft tëschent béide Länner stoen.

Impressioune vun der Staatsvisitt

Back to Top
CIM LOGO