Et gëtt net nëmme e Revirement a Saache Burkaverbuet. Parallel huet d'Stater DP och hir Meenung beim Platzverweis geännert, dat ass en anert Thema, bei deem d'Majoritéitsparteie bis ewell nach net op enger Linn louchen. Bis elo huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sech jo vehement fir dës Mesure agesat, fir ënnert anerem den organiséierten Heeschertebande Meeschter ze ginn. Den Donneschdeg de Moien huet d'Stater Schäffe Simone Beissel sech am RTL-Interview awer vill méi nuancéiert ausgedréckt.
Et wier een net géint de Platzverweis, sou déi liberal Politikerin, mä no Diskussiounen ënnert de Regierungsparteie wéilt ee lo mol probéieren e "modus vivendi" ze schaffen. D'Stad Lëtzebuerg fir hiren Deel wéilt elo mol verstäerkt déi sozial Strukturen ausbauen.
Stéchwuert Burka. Bis ewell wier d'Stad Lëtzebuerg nach mat kengem Fall konfrontéiert gewiescht. Et hätt een do nach keng praktesch Erfarung. D'Burka wier an deem Sënn och kee "Brandthema" an der Stad gewiescht. Datt d'Regierungsparteien elo awer op en nationaalt Verbuet hischaffen, hätt näischt mat Populismus ze dinn.
Et wier awer elo un der Zäit en Accent ze setzen. An all de westleche Länner géife Reaktioune kommen. D'Autoritéite géifen ze dacks reprochéiert kréien, ze labber ze sinn. Duerfir wier elo eng Prise de conscience am Gaang, fir géigenzesteieren.
Invité um Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war d'Stater DP-Schäffe Simone Beissel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.