
Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum ADR Deputéierte Jeff Engelen, deen dës Problematik konkret ugeschwat hat.
Wéi et awer an der Äntwert heescht, ass ee sech dem Problem vun de schiedlech Medikamenteréckstänn am Ofwaasser am Ministère bewosst, an dofir géifen an Zukunft och eng Rëtsch Kläranlage mat enger véierter Stuf equipéiert ginn, fir eben op d'Réckstänn vu verschiddene Medikamenter an Antibiotiken anzewierken - dat duerch Prozesser mat Aktiv-Kuel oder Ozon.
Zesumme mam LIST, der uni.lu, der technescher Uni vu Kaiserslautern an am Kader vun engem Interreg-Projet gëtt awer och weider gefuerscht. Et gëtt no alternativen Behandlungsmethode gesicht, fir d'Mikro-Polluanten, zu deene Medikamenter gehéieren, z'eliminéieren.
Allgemeng ginn och ewell a Lëtzebuerger Flëss a Baache reegelméisseg Miessungen an Analysen op Medikamenter gemaach, zum Beispill op Ibuprofen, Lidocaine oder och d'Konzentratioune vun 5 Zorten Antibiotiken, déi an der Sauer an der Uelzecht gemooss ginn. Dëst op Basis vun enger europäescher Watch-list.
Wann nei Spideeler oder Altersheemer gebaut ginn, wou mat héije Konzentratioune vu Medikamenter ka gerechent ginn, gëtt en duebelen Ofwaasserréseau ageplangt, esou datt héich belaaschtend Ofwaasser ka separat erfaasst an traitéiert ginn. Op dës Manéier kënnen dann d'Réckstänn vun de Medikamenter erausgeholl ginn.
Bis dato ass awer nach keng esou eng Installatioun a Betrib.