
Um Stater Geriicht goufen e Mëttwoch den Owend allkéiers eng Prisongs- an eng ugemoosse Geldstrof fir den Ex-LSAP-Buergermeeschter vu Sandweiler Charel Unsen a fir eng matugeklote Fra gefuerdert. Géint de fréiere Gemengepapp, vu Beruff Affekot, wär ë.a. Prise illégale d'intérêts a géint d'Fra Korruptioun zréckzebehalen.
Déi zwee haten de Prozess gemaach kritt, well de Charel Unsen Enn 2010 en Terrain vun der Fra zu engem Virzuchspräis kaf hat. Den Ex-Buergermeeschter hat fir en Terrain vun 9 Ar just eng 16.500 Euro den Ar bezuelt, iwwerdeems d'Gemeng der Fra fir en Terrain vun 3 Ar ronn 70.000 Euro den Ar hat misse ginn. D'Fra hat no där Transaktioun eng voll Tâche als Botzfra op der Gemeng kritt.
Et wär net ze gleewen, dass de fréiere Gemengepapp am Zesummenhank mat den Terrainsgeschäfter net consultéiert gouf, huet de Vertrieder vum Parquet, de Procureur d'État Jean-Paul Frising, a sengem Réquisitoire betount. De Charel Unsen hätt d'Operatioune geleet, sech mat der Fra concertéiert an alles vun den Traktatioune gewosst.
Dogéint huet den Affekot vum Ex-Buergermeeschter gemengt, deen hätt vläicht onvirsiichteg gehandelt. Säi Client, sou de Me Albert Rodesch, hätt en iwwerdeierte Präis fir säin Terrain bezuelt; hien hätt d'Recht, dat ze maachen, a Spekuléiere wär net verbueden. Wat d'Prise illégale d'intérêts ugeet, hätt de Mandant am Intressi vun der Gemeng geschafft, andeems hien den Terrainspräis fir déi reduzéiert hätt, an hien hätt keen Avantage aus sengem Handele gezunn. An dësem Dossier, deen op Verdacht an net op Fakte beroue géif, sollt et zum Fräisproch kommen.
D'Affekotin vun der Fra dann huet erkläert, et géif keng Elementer fir eng Veruerteelung wéinst Korruptioun ginn. An den Ae vun der Me Jaeger hätte sech hir Cliente an d'Koppel Unsen op e Präis fir den Terrain gëeenegt an hat de Verkaf dovun näischt mat der Fonktioun vum Buergermeeschter ze dinn.
Am Ufank vun der Sëtzung hat sech de Me Rosario Grasso, Affekot vun der Gemeng, net Partie civile constituéiert; déi géif den Ausgank vum Prozess ofwaarden.
D'Uerteel ass fir den 8. Mee.