No Brand vu CamionBensinnsstatioun um Potaschbierg muss bis op Weideres zoubleiwen

RTL Lëtzebuerg
De Beräich vun der N1 ronderëm de Rond-point um Potaschbierg hat wéinst dem Incident fir eng Zäit misse gespaart ginn.
Camion huet op der Bensinsstatioun gebrannt
De Beräich vun der N1 ronderëm de Rond-point um Potaschbierg hat wéinst dem Incident fir eng Zäit misse gespaart ginn.

Op der Bensinnsstatioun um Potaschbierg hat e Mëttwoch géint 16.50 Auer ee Camion Feier gefaangen. Nodeems de Camion géint 18 Auer geläscht war, ass d’N1 nees fir de Verkéier opgaangen. D’Bensinnsstatioun ass weider gespaart. De Materialschued ass héich. Blesséierter gouf et keng.

Wéi et vum CGDIS heescht, hätt e Camion mat recycléierte Produite Feier gefaangen, wärenddeem de Chauffer amgaang war ze tanken. Duerch den Asaz vu Schaummëttel konnten déi ronn 60 Pompjeeën op der Plaz de Brand séier läschen an eng Ausbreedung verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO