
Solidaritéit, Erhalt vu Fridden, de Respekt vu mënschlechem Liewen, Ëmwelt, Migratioun, Beschäftegung a Wuesstem, dat wiere grouss Erausfuerderunge fir Europa, esou d'Bëscheef aus der Euregio.
Um Méindegmueren hu sech eng Partie Bëscheef aus der erweiderter Groussregioun zu Lëtzebuerg getraff, fir ee gemeinsamen Hierdebréif ze presentéieren an ze ënnerschreiwen.

Et wier net üblech, datt d'Kierch sech iwwer Politik äussert, esou den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, Brexit an de Populismus géifen un der Eenheet vun Europa rëselen. D'Bëscheef géife keng Politik maachen, ma de Message sech positiv Vis-a-vis vun der Europäescher Unioun ze wier grad elo wichteg.
Bëscheef aus Frankräich, Däitschland an der Belsch hu sech dem gemeinsame Schreiwes ugeschloss.
Detailer ginn et um Méindeg den Owend op Radio an Tëlee.