Gemenge-Suen detournéiertBeschëllegt Beamte vun Hesper ginn entlooss

RTL Lëtzebuerg
Et war e Punkt am leschten Hesper Gemengerot: béid Beamten, deene reprochéiert gëtt Gemenge-Suen a Milliounenhéicht detournéiert ze hunn, ginn entlooss.
© RTL Archivbild

Dës Tageblatt-Nouvelle krut RTL vun Hesper Gemengeresponsabelen confirméiert. Viru genee engem Joer war devoiléiert ginn, datt 2 Beamte vun der Hesper Gemengen-Administratioun iwwert en Zäitraum vun 20 Joer Suen detournéiert hunn. D'genee Zomm vum Schued gouf ni public gemaach mä dierft substantiell sinn.

De Conseil de Discipline vun de Gemengen-Fonctionnairen huet e kompletten Dossier iwwert déi zwee beschëllegt Männer zesummegestallt, deen un d'Justice weider geleet gouf.

No der Enquête dierft den zwee Accuséierten, aktuell suspendéierte Fonctionnairen, de Prozess gemaach ginn.

RTL-NEWS: Gemengerotsmembere vun Hesper sollen Accès op PwC-Rapport kréien

Back to Top
CIM LOGO