
Ënnert anerem fir deem entgéintzewierken, huet d’Regierung elo e Gesetzesprojet op de Wee bruecht. Domat soll virun allem den Tarif, dee vum Staat couvréiert gëtt, substantiell eropgesat ginn.
Iwwert dee Wee wëll een dofir suergen, dass de Choix vun der Kannerbetreiung keng Fro vum Revenu vun den Eltere méi ass. Bis ewell hunn dës fir eng Betreiung bei Dageselteren nämlech ferm dropbezuelt, am Verglach zu der Maison Relais zum Beispill. Donieft gëtt domat net nëmmen déi reng Betreiungszäit remuneréiert, wéi d’Directrice vun der Agence Dageselteren, Caroline Ruppert, betount.
“Dat soll der Dagesmamm dann och wierklech d’Méiglechkeet ginn, fir hiren Dag och esou anzeplangen, dass si d’Méiglechkeet huet, déi Aarbechte ronderëm ze maachen, ze preparéieren, déi pedagogesch an déi administrativ Tâchen all erleedegt ze kréien. Ech mengen, dass mir do op deem richtege Wee sinn.”
Derbäi kënnt eng eemoleg Subventioun vun 3.000 Euro, déi den Dageseltere soll dobäi hëllefen, sech z’etabléieren.
E weidere Changement mam neie Gesetz gëtt et um Niveau vun de Kompetenzen. Fir als Dagesmamm oder -papp kënnen ze schaffen, muss een an Zukunft nëmmen nach eng vun den offizielle Landessprooche schwätzen, dat awer dann op méi engem héijen Niveau an et muss een op d’mannst eng 3e mat Succès ofgeschloss hunn. Dat wier néideg fir all déi administrativ Demarchë gutt kënnen ze maachen an och anstänneg mat Kanner an Eltere kënnen ze kommunizéieren, fënnt d’Caroline Ruppert.
“D’Qualifikatioun, dass een en Niveau 3e muss hunn, ass gutt, well een eben dann déi Kompetenze matbréngt, fir am Statut vum Independant ze schaffen an do eens ze ginn. D’Sproochen, dat ass dee selwechte Grond. Et muss een e Kontrakt schreiwe kënnen, ausfëlle kënnen, mat den Elteren diskutéiere kënnen. Et muss een op den Administratiounen eens ginn, Formulairen areeche mat Zäit. Dat si wichteg Konditiounen z’erfëllen an do ass de Sproochenniveau einfach immens wichteg. An och fir mat de Kanner ze schwätzen, dass ee sech an enger Sprooch och wuel fillt, déi d’Kanner dann och schwätzen. Dat ass och e ganzt wichtegt Element.”
Aktuell ginn et ronn 450 Dagesmammen a -pappen hei am Land. D’Gesetz ass elo um Instanzewee. Bei der Agence Dageselteren hofft een, dass d’Gesetz méiglechst séier an der Chamber ka gestëmmt ginn, an domat erëm nei Leit fir dëse Beruff kënnen ze begeeschteren.