Servicer fir eeler LeitBesser qualitativ Betreiung an transparent Käschten

Carine Lemmer
Lynn Cruchten
Iwwer 20% vun de Leit hei am Land hu méi wéi 60 Joer. Si solle méi selbstbestëmmt al ginn a méi matdecidéiere kënnen, wéi hiren Alldag ausgesäit.
Servicer fir eeler Leit solle méi transparent ginn
Iwwer 20% vun de Leit hei am Land hu méi wéi 60 Joer. Si solle méi selbstbestëmmt al ginn a méi matdecidéiere kënnen, wéi hiren Alldag ausgesäit.

AUDIO: CIPA-Reform / Rep. Carine Lemmer (29.1.2020)

En neit Gesetz soll dobäi hëllefen. Et geet ëm d'Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit. Déi verschidde Servicer solle méi transparent ginn a si solle qualitativ besser ginn. D'Familljeministesch Corinne Cahen war e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun, fir de Projet virzestellen.

Ënnert anerem kënnt eng Lëscht, wat en Zëmmer a wéi engem Alters- oder Fleegeheem kascht, wéi grouss et ass, wat am Präis genee dran ass a wat Supplemente kaschten. Am neien Text geet et och ëm de „Repas sur roues“, d'Fleeg doheem oder de Club Senior, plus allgemeng d'Logementer fir eeler Leit. Et komme méi präzis Reegelen, zum Beispill wat „barrièrefräi“ ugeet oder datt en "Telealarm" muss ugebuede ginn.

Déi eeler Leit sollen an Zukunft selwer méi decidéiere kënnen, wéi hiren Alldag ausgesäit. Tëscht engem Alters- a Fleegeheem soll keen Ënnerscheed méi gemaach ginn. An dofir geet zukünfteg just nach vu Structures d’hébergement riets.

Sproochekrittäre ginn och agefouert, zum Beispill fir d'Personal an engem Alters- oder Fleegeheem oder engem Reseau. D'Personal muss zwou gängeg Sprooche schwätzen, dorënner Lëtzebuergesch. Kann een nach kee Lëtzebuergesch, wann een agestallt gëtt, muss een et um B1-Niveau léieren.

Wat dann d’Formatiounen ubelaangt, ass et esou datt schonn haut 40% vun de Leit, déi an engem Alters- oder Fleegeheem schaffen eng Ausbildung am palliative Beräich mussen hunn. Duerch dat neit Gesetz sollen och nach 40% vun de Mataarbechter d‘Formatioun vun der Pyschogériatrie gemaach hunn.

Et ginn aktuell 30 CIPAen, also Altersheemer, 22 Fleegeheemer an 11 sougenannt betreit Logementer, am Ganze sinn et 7.000 Better. Den Ament ginn och zwee nei Fleegeheemer gebaut, dat zu Käerjeng an zu Déifferdeng.

Dat neit Gesetz trëtt eréischt a Kraaft 6 Méint nodeems et an der Chamber gestëmmt gouf, fir den Ament gëtt awer nach ënner anerem op den Avis vum Staatsrot gewaart. Mam Akraafttriede vum Gesetz soll och den neien Internetsite mat eben allen transparente Käschten a Service-Informatiounen betreffend Alters-a Fleegeheemer online goen.

Back to Top
CIM LOGO