Mam neie Qualitéitsgesetz wëllt een de Clientë méi Transparenz erméiglechen, awer och e bessere Service ronderëm hiert soziaalt Liewen an der Struktur garantéieren. Beim Daachverband fir Fleegestrukture war d’Iddi fir eng Qualitéitsgarantie zwar gutt ukomm, ma et huet een ze vill Bürokratie an en onrealistesch héije Personalschlëssel kritiséiert.
Individuelle Liewensplang
Mat all Bewunner soll eng Zort individuelle Liewensplang ausgeschafft ginn, deen un hir perséinlech Besoinen ugepasst gëtt. Da gëtt et elo e Mediateur, wann awer mol Problemer sollen opkommen an d’Bewunner Reklamatiounen hunn. D’Personal muss ënnert anerem B-Niveau am Lëtzebuergesche kréien.
En Online-Regëster fir déi national Strukturen
Online kann ee geschwënn an engem nationale Regëster déi eenzel Haiser vergläichen, wou genee opgeschlësselt ass, wéi eng Leeschtungen a wéi eng Supplementen zu wéi engem Präis ugebuede ginn, erkläert de Familljeminister Max Hahn. De Regëster soll awer eréischt an den nächste Wochen online goen.
Iwwert d’nächst Joer soll dann all Struktur vum Ministère kontrolléiert ginn, ob se déi am Gesetz definéiert Qualitéitskrittären anhält, éier hir Autorisatioun verlängert gëtt. Aktuell hunn all d’Strukturen e provisoreschen Agrement vun engem Joer.
Den Daachverband vun de Fleegestrukture Copas fënnt d’Iddi prinzipiell gutt, fir Qualitéit ze garantéieren. Allerdéngs huet de Verband weiderhin d’Suerg, dass d’Qualitéitskrittären deelweis ze subjektiv wieren. Et wier esou, dass d’Bewäertung vun enger Moolzecht an der Evaluatioun déi selwecht Gewiichtung hätt, wéi d’Anhale vu sanitäre Virschrëften, kritiséiert de Marc Fischbach, President vun der Copas.
Ausserdeem stéiert d’Copas sech un der Aarbechtslaascht vun der consultativer Kommissioun, déi dem Ministère reegelméisseg Verbesserungspropose maache soll. Déi wier personell net gutt genuch opgestallt, fir all d’Dossieren an d’Rapporte kënnen ze verschaffen. Generell hätt d’Ëmstellung fir d’Haiser méi Paperasse bruecht, well si fir de Regëster eng ganz Rëtsch Donnéeën hu missten eraginn. Dass d’Präisser duerch den ëffentleche Regëster erof ginn, hält de Marc Fischbach fir onwarscheinlech. Generell gouf am Secteur d’Fro opgeworf, ob d’Bewunner wierklech vill vun dem Gesetz profitéieren, well vill Haiser souwisou schonn eng ganz Rëtsch vun de gefuerderte Qualitéitskrittären ugebueden hätten.
350 zousätzlech Leit hätte missen agestallt ginn
Fir Onsécherheet huet an der Praxis awer ënnert anerem de gefuerderten héije Personalschlëssel bei den Nuetswuechte gesuergt. Et hätt ee missen am Ganzen 350 zousätzlech Leit astellen, esou d’Berechnung vun der Copas. Dee gouf zwar nodréiglech no ënne gesat, ma déi Ännerung trëtt viraussiichtlech réischt Mëtt Mäerz a Kraaft. Also: bis dohi mussen d’Nuetsschichten ebe mat méi Personal gemaach ginn, och wann am Secteur generell Leit feelen.
De Marc Fischbach schléisst dofir net aus, dass am Fall vun engem Accident op esou enger Nuetsgarde d’Gerance vun enger Struktur kéint viru Geriicht geholl ginn. De Ministère relativéiert dat allerdéngs: Et geet een dervun aus, dass d’Strukturen déi kuerz Zäit vun ongeféier 14 Deeg mam bestoende Personal iwwerbrécke kënnen.
Et schwätzt een iwwregens elo net méi vun Altersheemer, mee vu “Wunnstrukture fir eeler Leit”.