ChamberBesuch vun der Vizepresidentin vum ukrainesche Parlament

RTL Lëtzebuerg
D'Varkhovna Rada Olena Kondratiuk huet d'Chamber en Donneschdeg de Moie besicht.

Am Kader vun hirer Visitt huet si sech mam Chamberpresident Fernand Etgen a mam President vun der Kooperatiouns- an Integratiounskommissioun Yves Cruchten ausgetosch.

Donieft stoung en Donneschdeg de Mëtteg eng Plenière um Ordre du Jour. Do stoungen en Debat iwwer d’Lutte géint d’Desinformatioun an iwwer e Gesetzesprojet fir Energie-Hëllefe fir Strukture fir eeler Leit um Programm.

Wéi et an engem Bäitrag vun der Chamber an de soziale Medien heescht, hätt d’Politikerin den Deputéierten dann och dovun erzielt, wéi een Impakt de Krich op dat alldeeglecht Liewe vun den Ukrainer huet.

Ausserdeem gouf et eng Orientéierungsdebatt iwwert de Finanzement vu gréisseren Infrastrukturprojeten. Hei goung et ëm 52 Projeten, déi jeeweils am Ganzen tëscht 10 a 40 Milliounen Euro kaschte sollen. Eréischt wann e Projet 40 Milliounen Euro kascht, ass fir dësen en eegent Finanzéierungsgesetz néideg.

Back to Top
CIM LOGO