"De Wee zu méi Wuelbefanne fänkt dacks mat engem Gespréich un." Dat seet d’Coordinatrice vun de Semaines de la Santé Mentale, d’Dr. Astrid de Leeuw am RTL Interview. Et wier wichteg, déi eegen Onsécherheeten, datt ee vläicht eppes Falsches géif soen, op d’Säit ze leeën an der betraffener Persoun nozelauschteren, fir ze verstoen: ”Wéi geet et där Persoun? Wat fënnt se de Moment schwéier? An da kann een, wann déi Persoun sech da bis nogelauschtert a verstane fillt, da kann een zesumme kucken, wat wären eventuell Léisungen, op déi ee kéint zousteieren.”
Ob d’Zuel vu Leit mat psychesche Problemer am Grand-Duché zouhëlt, kéint een net mat Sécherheet soen. Der IGSS no stéinge bei 17 Prozent vun de Mataarbechter, déi feelen, Depressiounen als Grond um Krankeschäin, esou d’Astrid de Leeuw. “Ass dat lo, well d'Leit sech och trauen, méi driwwer ze schwätze mat hirem Hausdokter? Wat jo u sech positiv ass, well den Hausdokter oder d'Hausdoktesch ass oft déi éischt Ulafstell.”
Et kéint awer och sinn, datt Zuelen effektiv an d’Luucht gaange wieren. D’Doktesch an der Psychologie verweist op d’HBSC Etüd vun der Uni Lëtzebuerg an op de Quality of Work Index vun der Chambre des salariés. “Do mierkt een awer schonn eng Evolutioun, déi een als Gesellschaft misst eescht huelen.”
Bei de Kanner a Jonken tëscht 5 an 18 Joer wieren d’Zuelen an de leschte Joren an d’Luucht gaangen. Grad bei Depressiounen an Angschtstéierungen. D’Astrid de Leeuw berifft sech hei op eng Meta-Analys, déi europawäit duerchgefouert gouf. Ee Kand op fënnef hätt mat psycheschen Erkrankungen ze kämpfen. “Wann een do eng Klass huet vun zwanzeg Kanner, dat sinn dann effektiv véier Kanner, déi do betraff sinn.”
Jidderee géif säi Rucksak mat Erfarunge mat sech droen. Mee et hätt een eben net ëmmer de Choix, wat dra kéim. “Dat heescht, wann ee Biller vu Krich gesäit, wann een Angscht virun der Zukunft huet wéinst der Klimakris oder wann och a Famille sech immens Suerge gemaach gëtt, well et zum Schluss vum Mount kéint sinn, dass dann net genuch Suen do sinn, dat sinn alles Steng, déi och an dee Rucksak mat erakommen.”
Hëllef wier wichteg, ma et misst net ëmmer professioneller sinn, seet d’Astrid de Leeuw. Eng Aktivitéit, Ënnerstëtzung bei den Hausaufgabe beispillsweis, kéinte schonn heiansdo hëllefen.
D’Ligue Santé Mentale proposéiert Formatioune fir Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet, spezifesch fir Kanner a Jugendlecher, awer och fir Erwuessener an eeler Leit. Zeechen erkennen, ee Gespréich gutt opbauen, zesummen no Léisunge sichen. Am Kader vun de Semaines de la Santé Mentale ginn och Coursen ugebueden.
Weider Informatioune fannt Dir op https://www.pssm.lu/