500 accordéiert Demande méi wéi 2024Betriber kruten d'lescht Joer 440 Milliounen Euro Hëllef vum Staat

François Aulner
Céline Eischen
Am meeschte Subventiounen a steierlech Mesurë goufen et fir d'ekologesch an energeetesch Transitioun

Digitalisatioun, Energie-Transitioun a Kënschtlech Intelligenz. D'Betriber musse sech upassen, an dat kascht. Dofir hëlleft de Staat, besonnesch de Kleng- a Mëttel- Betriber. De Wirtschaftsministère huet e Méindeg de Bilan gezunn an do gëtt kloer: déi finanziell Hëllef ass zolidd an d'Luucht gaangen.

500 accordéiert Demande méi wéi 2024
Betriber kruten d'lescht Joer 440 Milliounen Euro Hëllef vum Staat

Subventioune fir d'Betriber si keng erausgehäite Suen, ma wichteg Instrumenter, fir d'Investitiounen an der Wirtschaft unzekuerbelen. 440 Milliounen Euro huet sech de Staat dëst 2025 kaschte gelooss, eng Hausse vun 170 Milliounen am Verglach mam Joer virdrun:

De Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert: "Et gesäit een, datt d'Betriber hei zu Lëtzebuerg investéieren. Grad dowéinst hu mer déi verschidden Regimmer hei och, fir datt eis Betriber och an Zukunft hei éischtens emol Aarbechtsplaze kënne garantéieren. Zweetens awer och an enger europäescher, an enger weltwäiter Konkurrenz och kënnen nach funktionéieren. D'Aiden déi octroyéiert sinn, sinn an d'Luucht gaangen. Mat ronn 440 Milliounen Euro, déi un Aiden hei accordéiert gi sinn, entweder iwwer direkt Aiden oder Steierkreditter."

Wéinst dësen Aiden hätt een eng Investitiounszomm vu ronn 1,2 Milliarden Euro am Joer 2025 kënne mobiliséieren. Dës Sue fléissen da virun allem an d'Resilienz an d'Zukunftsfäegkeet vun de Betriber

De Lex Delles: "Mir gesinn, datt besonnesch d'Digitalisatioun vun de Betriber, Kënschtlech Intelligenz a Cybersecurity vun de Betriber Domainer sinn, wou mer dëst Joer scho vill méi Demande kruten, wéi mer dat d'lescht Joer ëm dës Zäit haten. Also gesi mer och, datt d'Betriber sech bewosst sinn, datt Kënschtlech Intelligenz muss genotzt ginn. An, datt se hei déi éischt Schrëtt, respektiv déi nächst Schrëtt kënne maachen, bei der Implementatioun vun der Kënschtlecher Intelligenz."

Effektiv sinn d'Demanden zolidd an d'Luucht gaangen: De Wirtschaftsministère huet ronn 2.300 Demanden accordéiert, ronn 500 méi wéi 2024. Ënnert dësen Demande war och déi vum Peter Laux, deen d'Compatibilitéit vu sengem Handwierksbetrib mat engem Hëllefs-Package konnt digitaliséieren:

"Vor allem hat man, wenn man die Daten visibel hat, weiss man wo sein Betrieb steht, weil das eigene Gefühl dann doch oft täuscht. Wenn ich sehe ich habe noch eine Pipeline von ein paar Millionen Euro, die ich noch abrechnen muss, dann hab ich ein besseres Gefühl, als wenn ich denke 'Ah da muss ich noch eine Rechnung schreiben'. Das gibt einfach Visibilität und man weiss wo man steht."

Ma net just d'Transitioun soll gefërdert ginn: 9,2 Milliounen Euro goufen zum Beispill an d'Entrepreneuriat investéiert. Och d'Sandy Mores profitéiert dovun: Si huet sech mat engem Betrib, dee Begriefnis-Servicer ubitt, d'lescht Joer selbststänneg gemaach:

"Fir mech ass déi Primm ganz ganz wichteg, an dem Kontext, dass wa mir de Leit herno hier Prestatioun verrechnen, dass een do einfach ee gewëssenen Delai brauch vun de Famillen, bis datt si déi Sue kënne bezuelen. Well et ëm Successioune geet, well et ëm Konte geet, déi gespaart goufen, well een awer verschidde Reserve braucht. Wéi zum Beispill de Crematoire deen ee muss vir-finanzéieren."

Déi staatlech Hëllefen hei am Land maache ronn 0.97 Prozent vum PIB aus, wat liicht ënnert der EU-Moyenne läit.

Pressecommuniqué
Lex Delles a présenté le bilan des aides d’État octroyées par le ministère de l’Économie en 2025 (11.05.2026)

Back to Top
CIM LOGO