
Kuerz virun 7:30 Auer sinn op der A6, um Zéissenger Kräiz, zwee Autoen aneneegerannt.
Um 8 Auer war et en Accident op der A3, um Beetebuerger Kräiz. Hei waren e Camion an en Auto net laanschtenee komm.
Um 9:30 Auer ass zu Rolleng an der Rue du Lycée en Automobilist mat sengem Gefier an "en Obstakel" gerannt. Hei huet ënnert anerem den Escher SAMU mussen an den Asaz.
Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.