Futtball-Championnat: BGL LigueBiissen eenzege Verfollger vun Déifferdeng, Hueschtert mat Big Points

RTL Lëtzebuerg
Am Tabellekeller hu Péiteng a Mamer hir lescht Chance genotzt, fir nach an der BGL Ligue ze bleiwen. Diddeleng huet definitiv keng Chance méi op den Titel.
© Felix Girst

An enger Partie mat wéineg Héichpunkten a mat ville Feeler huet sech Hueschtert mat 1:0 um Hesper Holleschbierg behaapt. Besonnesch d'Offensivreien hu sech de ganze Match iwwer schwéier gedoen. De Swift hätt an der 16. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung goe kënnen, mee de Kaloga huet de Ball wäit iwwert de Gol gesat. Och duerno huet d'Prezisioun op béide Säite gefeelt. Eréischt no enger Stonn sollt d'Partie méi lieweg ginn, mee et sollt bis an d'86. Minutt daueren, bis d'Gäscht den decisive Gol markéiere konnten. Hueschtert ass mat dëser Victoire sou gutt wéi gerett, Hesper bleift mat 26 Punkten op enger Barragëplaz.

Och Mamer a Péiteng hu mat hire Victoiren nach all d'Méiglechkeeten, fir an der BGL Ligue ze bleiwen. Mamer gëtt sech am Ofstigskampf nach net geschloen an notzt seng lescht Chance. Géint de Racing huet d'Ekipp vum Trainer Frédéric Herinckx däitlech 3:2 gewonnen a spréngt domat op eng Barragëplaz.

Diddeleng ka senge Championsdreem no der 0:3-Néierlag zu Péiteng definitiv Äddi soen. Aacht Punkten op Déifferdeng sinn an deene leschten zwee Matcher net méi opzehuelen. An der beschter Positioun ass den Opsteiger Biissen, dee sech mat 3:1 géint Rodange behaapte konnt a weiderhin dräi Punkten hannert dem amtéierende Champion läit. Munneref huet just no der Néierlag zu Rouspert just nach theoreetesch Chancen a misst 15 Goler op Déifferdeng ophuelen, dat e Samschdeg mat der Victoire am Derby géint Nidderkuer virgeluecht hat.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Péiteng - Diddeleng 3:0
1:0 Martins (6'), 2:0 Martins (65'), 3:0 Barata (86')

Biissen - Rodange 3:2
0:1 Lima (49'), 1:1 Fernandes (59'), 2:1 Ferber (66'), 3:1 Rodrigues da Cruz (70'), 3:2 Schur (90'+3)

Hesper - Hueschtert 0:1
0:1 Fernandes (86')

Rouspert - Munneref 1:0
1:0 Kyereh (5')

Käerjeng - Kanech 1:0
1:0 Albanese

Mamer - Racing 3:2
1:0 Chibani (16'), 2:0 Chibani (51'), 3:0 Rapaille (52'), 3:1 Ikene (67'), 3:2 Freire (79')

Stroossen - Jeunesse Esch (18.00 Auer)


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO