Turnen ass der Minetterin hir Leidenschaft, och wa si am Teenageralter eng nei Passioun entdeckt huet. Den Cheerleadering. D'Michelle war bei der Grënnung vun der éischter Cheerleadingekipp, de Sweet Devils, dobäi. Iwwert den Ëmwee vum Déifferdenger Turnveräin huet d'Michelle mat 24 Joer eng nei Erausfuerderung ugeholl. D'Anästhesistin aus dem CHEM ass an Däitschland op Saarbrécken bei d'Green Bulls gewiesselt. Mat dësem Spëtzeveräin huet si et 2023 an 2025 op d'WM zu Orlando gepackt.
Nëmmen 2 Deeg nom Qualifikatiounstournoi zu Lyon haten d'Green Bulls hire leschten Training vun der Saison. An do ass et passéiert. D'Michelle rutscht beim Ofgang vun enger Figur of a fält op de Kapp. Diagnose: Genéck gebrach. E Mënsch ouni déi staark Muskelmass vum Michelle wier geläämt gewiescht oder gestuerwen, sou den Dokter spéider. Mee Blessure si schlëmm.
C5 Wierbel gebrach a krut zwee Deeg no der Chute deen an engem geféierlech Agrëff duerch en Titan-Wierbel ersat.
D'Operatioun war gelongen, mee d'Zukunft ongewëss fir d'Michelle Peters. Eigentlech wollt d'Cheerleaderin no e puer Méint erëm op d'Bün zeréck. Mee dat war utopesch.
D'Minetterin huet dat leschte Joer all Dag fir de klengste Fortschrëtt gekämpft. Si hat ëmmer de Wëllen net opzeginn. Kleng depressiv Phasen hunn hir Famill, Frënn a virun allem hire Verloobte Vincent opgefaangen. Mëttlerweil geet d'Michelle erëm schaffen a gëtt Coursen an engem Fitnessstudio. De Wéi ass bliwwen, mee och d'Gewëssheet, dass hiert Liewen aus méi wéi Sport an Cheerleading besteet.