FOTOEN - Visitt eriwwerBettel a Medwedew iwwer alles geschwat, och déi kriddeleg Sujeten

RTL Lëtzebuerg
Et soll ee matenee schwätzen, op Dialog setzen, dat géif seng Regierung maachen, sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

D'Relatiounen tëscht der EU a Russland si jo ugespaant zanter der Annexioun vun der Krim. Et gi Sanktiounen. Et hätt een iwwer alles geschwat, huet de Lëtzebuerger Premier gemengt, och iwwer déi kriddeleg Sujeten.

Et wäre ganz konstruktiv Gespréicher gewiescht elo déi 1. Kéier, wou en am Grand-Duché war, sot och de russesche Premier.

4 Mol hunn déi zwee Premiere sech scho begéint, 2015 fir d'éischt. De Xavier Bettel wär e gudde Mediateur, e gudde Vermëttler, huet och den Dimitri Medwedew gemengt.

Visitt vum russesche Premier Medwedew
Et soll ee matenee schwätzen, op Dialog setzen, dat géif seng Regierung maachen, sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

Ugeschwat op de Communiqué vum US-Ambassadeur sot den Dimitri Medwedew, „déi Persoun, wou hien den Numm vergiess hätt, misst emol d'Basis vun der Diplomatie erkläert kréien a wat national Souveränitéit géif bedeiten“.

Bei deene méi kritesche Journalistefroen huet de russesche Premier, dee jo virdrun och russesche President war, manner begeeschtert gewierkt. Ugeschwat drop, ob Russland sech an d'EU-Walen agemëscht hätt, huet hie gemengt, déi Wale wäre jo mol nach net gewiescht an et géif ee scho verdächtegt ginn. Hien huet – scho liicht genervt - vu Paranoia geschwat a wou dann d'Beweiser wären.

De Xavier Bettel huet gemengt, d'Spannungen tëscht Russland an der EU géife just fir Verléierer suergen. Ausser bei Länner baussent der EU, huet de Medwedew spatz gemengt.

Déi ganz Visitt gouf awer vum positiven Toun a gudder Stëmmung dominéiert.

Lëtzebuerg ass de 5. gréissten Investisseur a Russland. An et wier nach Potential do, huet et um Mëttwoch geheescht. Zwee Accorden, ee kulturellen an ee vun der Moderniséierung vun den Ekonomien, goufen ënnerschriwwen.

E Mëttwoch de Moien huet hie Blummen um Kanounenhiwwel néiergeluecht. Am Uschloss war e Gespréich mam Chamberspresident Fernand Etgen an eng Audienz beim Grand-Duc am Palais, duerno war hier fir eng Aarbecht-Reunioun am Mudam.

Den Dialog mat Russland ass an der momentaner internationaler Situatioun wichteg

Ronn 24 Stonne laang war de russesche Premier Dimitri Medwedew zu Lëtzebuerg. Déi bilateral Relatiounen, d'Geschäfter tëscht den zwee Länner an awer och international Sujete goufen diskutéiert.

Mir hunn iwwer alles geschwat, sot op der gemeinsamer Pressekonferenz de Lëtzebuerger Premier. Gemengt war och iwwer kriddeleg Themen. Well et muss ee matenee schwätzen, fënnt de Xavier Bettel.

Medwedew zu Lëtzebuerg - Reportage Carinne Lemmer

D'Relatiounen tëscht der EU a Russland sinn aktuell schwiereg, et gi Sanktiounen. Mä den Dialog wär wichteg, sou de Xavier Bettel. Et géifen natierlech eng ganz Partie Dossieren ugeschwat, déi weisen, dass d'Situatioun tëscht der EU a Russland schwiereg ass, beispillsweis d'Krim oder de Fall Skripal. D'Relatioune wieren deels souguer agefruer, an dat misst een elo änneren. Soss géif et nëmme Verléierer ginn a keng Gewënner.

Ausser Länner baussent der EU, huet den Dimitri Medwedew spatz gemengt. Hien huet déi gutt frëndschaftlech Relatioun mat Lëtzebuerg ervir gehuewen. Den Dimitri Medwedew betount, dass et eng konstruktiv Entrevue war an et hätt een iwwert vill verschidde Sujete geschwat. Et wier elo schonn déi 4 Entrevue gewiescht.

De Xavier Bettel wëll also, datt ee matenee schwätzt, datt d'Relatiounen tëscht der EU a Russland nees besser ginn. Wär de Lëtzebuerger Premier dann net e gudde Mediateur, e Vermëttler? De Medwedew betount, dass d'Welt konkret an direkt Persoune brauch, de Xavier Bettel fir him no e gudde Mediateur.

De Xavier Bettel begréisst déi Ausso vu sengem russeschen Homolog a betount, dass Lëtzebuerg dofir bekannt ass Brécken ze bauen, et géif an der DNA vun de Lëtzebuerger leien. D'Visitt gouf vun engem positiven Toun a gudder Stëmmung dominéiert, mä méi delikat Froen, wéi déi ob Russland sech an de Walkampf fir d'Europawalen agemëscht huet, hunn dem Dimitri Medwedew dann awer manner gefall. Et géif ëmmer nach d' Présomption d'innocence gëllen, en plus misst een och emol beweisen, dass hei eppes virgefall ass, wann net wier et just e Verdacht. Him no wier dëst also quasi als Paranoia ze gesinn.

Ugeschwat op de Communiqué vum US-Ambassadeur sot de russesche Premier, „déi Persoun, wou hien den Numm vergiess hätt, misst emol d'Basis vun der Diplomatie erkläert kréien a wat national Souveränitéit géif bedeiten“.

RTL NEWS: Russesche Premier Dimitri Medwedew op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg - 1. Dag

FOTOGALERIE: D'Fotoe vum 2. Dag zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO